De José Raúl Mulino Quintero, gebuer den 13. Juni 1959 ui David, am Panama, ass e panameesesche Jurist ,Diplomat a Politiker. De 5. Mee 2024 gouf hien zum President vu sengem Land gewielt.

José Raúl Mulino
Gebuer 13. Juni 1959
David
Nationalitéit Panama
Educatioun Tulane University
Aktivitéit Politiker, Affekot, Diplomat

Liewen a Karriär änneren

De Mulino war 1990 bis 1994 Vize-Minister fir Baussenzeg Bezéiungen ënner dem President Guillermo Endara. Vun 1994 bis 1995 war hie Member vum Nationale Conseil fir Aussebezéiungen an Deputéierte Magistrat vun der Ziviler Chamber vum Ieweschte Geriicht.

Vun 2009 bis 2010 war hie Minister fir Justiz an dono bis 2014 Minister fir Ëffentlech Sécherheet ënner dem President Ricardo Martinelli.

Bei de Walen am Fréijoer 2024 war hie Kandidat fir Vizepresident ënner dem Martinelli. Wéi dëse vun de Walen disqualifizéiert gouf, huet de Mulino d'Kandidatur fir President iwwerholl, a gouf mat 34,26 % vun de Stëmme gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: José Raúl Mulino – Biller, Videoen oder Audiodateien