De Jorge Rafael Videla, gebuer den 2. August 1925 zu Mercedes, Provënz Buenos Aires, a gestuerwen de 17. Mee 2013 am Prisong zu Marcos Paz, Provënz Buenos Aires[1], war en argentinesche Generol an tëscht 1976 an 1981 Diktator vun Argentinien.

Jorge Rafael Videla
Gebuer 2. August 1925
Gestuerwen 17. Mee 2013
Marcos Paz
Doudesursaach Häerzkollaps
Nationalitéit Argentinien
Educatioun Colegio Militar de la Nación
Aktivitéit Politiker, Offizéier

Well Argentinien an der Mëtt vun den 1970er Jore wirtschaftlech a gesellschaftlech an enger Kris war,[2] huet de Videla dovu profitéiert, als Chef vun enger Junta géint d'Staatspresidentin Isabel Perón e Militärputsch ze maachen, d'Parlament opzeléisen an d'Parteien ze verbidden, a sech fir fënnef Joer als Staatspresident anzesetzen.[1]

Haaptzil vun der Junta war et, am sougenannte „Prozess vun der Nationaler Reorganisatioun“ radikal géint all politesch a gesellschaftlech lénks Stréimunge virzegoen, wat an der Praxis bedeit huet, datt bis zu 30.000 Leit heemlech verhaft, gefoltert an ermuert goufen, andeems se "verschwanne" gedoen (d. h. meeschtens vun Helikopteren aus and d'Mier geheit) goufen. Dofir gouf et den Ausdrock Guerra sucia ("knaschtege Krich").[3] De Videla gouf am Mäerz 1981 vu sengem Junta-Kolleeg Roberto Eduardo Viola ofgeléist.

De Videla huet sech selwer als e professionelle Militär gesinn, deem seng Flicht et war, déi "Subversiv" (subversivos) ze bekämpfen, fir datt soll Rou an Uerdnung herrschen. Hie sot: „Et musse sou vill Leit an Argentinie stierwe wéi et néideg ass, fir datt d'Land nees sécher ass.[4] Seng Junta-Kolleege waren zum Deel nach schlëmmer.

1985 gouf hie wéinst Verbrieche géint d'Mënschlechkeet zu liewenslänglechem Prisong veruerdeelt, 1990 awer schonn nees vum President Carlos Menem begnodegt. 1998 gouf et en neie Prozess, an de Videla huet nees missen hannescht hanner Gitteren, krut d'Strof awer dunn an Hausarrest ëmgewandelt. 2010 krut en nees, zesumme mam Luciano Benjamín Menéndez an anere Militär, de Prozess gemaach, a gouf zu liewenslänglecher Prisongstrof verurteelt.[5],[6],[7] 2011 krut en nach eng Kéier 50 Joer dobäi an engem Prozess, wou et drëms goung, datt Honnerte vu Puppelcher hire Mammen ewechgeholl gi waren, an d'Mammen ëmbruecht goufen.[8]

De Videla huet bis zulescht keng Rei gewisen, a sech als e politesche Gefaangene gesinn. Bis 2012 huet hien ofgetridden, datt d'Militär Dausende vu Leit ëmbruecht hat. Schliisslech huet en zouginn, et wieren der "7000 oder 8000" gewiescht. D'"Verschwannen-Doe" wier deemools en „noutwennegt militärescht Mëttel“ gewiescht.[9]

Literatur änneren

  • Willi Baer, Karl-Heinz Dellwo (Hrsg.): Panteón Militar. Kreuzzug gegen die Subversion. Laika-Verlag, Hamburg 2010, ISBN 978-3-942281-78-2
  • Wolfgang Kaleck: Kampf gegen die Straflosigkeit, Argentiniens Militärs vor Gericht. Verlag Klaus Wagenbach, Berlin 2010 (Rezensioun: (pdf-Datei; 56 kB))

Um Spaweck änneren

Commons: Jorge Rafael Videla – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 "Tod von General Videla - Militärdiktator ohne Reue" In: NZZ Online, 17. Mee 2013, gelies 29. Mee 2013
  2. Stephan Panther: Warum ist Argentinie kein reiches Land? in: Erfolg und Versagen von Institutionen. Ausschuss für Wirtschaftssysteme und Institutionenökonomik des Vereins für Socialpolitik, 35. Jahrestagung, Duncker & Humblot, S. 199-216, ISBN 978-3-428-11731-4
  3. Karin Janker: Bergoglio ist ein Pilatus.
  4. Deutscher Haftbefehl gegen Argentiniens Ex-Diktator. Die ZEIT, 22. Januar 2010
  5. Argentinien: Diktator Videla wird der Prozess gemacht. Frankfurter Rundschau 30. Juni 2010
  6. spiegel.de: Argentinien: Die Abrechnung mit dem Schreckensregime, 23. August 2011, gekuckt 2013-05-29
  7. Argentinien: Lebenslang für Ex-Diktator Videla. Der Standard 22. Dezember 2010
  8. Argentinien: Ex-Diktatoren Videla und Bignone wegen Babyraubes verurteilt bei zeit.de, 6. Juli 2012.
  9. Rafael Videla Admits His Government Killed and Disappeared Thousands. Fox News Latino, 16. April 2012