Jonas Savimbi

angolanesche Politiker

De Jonas Savimbi, gebuer 1934 an der angolanescher Provënz Bie, an am Gefecht erschoos den 22. Februar 2002, war en angolanesche Leader.

Jonas Savimbi
Gebuertsnumm Jonas Malheiro Savimbi
Gebuer 3. August 1934
Provënz Moxico
Gestuerwen 22. Februar 2002
Provënz Moxico
Doudesursaach am Asaz gefall
Nationalitéit Angola
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Politiker, Partisan
Partei União Nacional para a Independência Total de Angola
Famill
Kanner Nazar
De Jonas Savimbi empfängt 1989 a sengem Haaptquartéier Membere vum Europaparlament, riets am Bild den Ernest Mühlen.
Kaddo vum Jonas Savimbi fir seng Gäscht, an den Ateliere vu sengem Haaptquartéier gemaach

Säin ursprénglechen Numm war Jonas Malheiro Savimbi. Hie war de Grënner vun der UNITA, enger Organisatioun, déi fir déi total Onofhängegkeet vun Angola haart an zéi gekämpft huet, ee véirel Joerhonnert laang, bis zum Doud vum Savimbi.

Säi Papp war protestantesche Paschtouer. Op Grond vu senge geeschtegen Talenter huet de Jonas eng Bourse kritt, déi him et erlaabt huet, fir 1960 op Lissabon ze goen, fir do Medezin ze studéieren. Duerno ass hien an d'Schwäiz gaangen, an zwar op Lausanne, an huet do op der Universitéit politesch Wëssenschafte studéiert. A China huet hie sech duerno an der Guerillapraxis initiéiert.

Literatur änneren

Loiseau, Yves & de Roux, Pierre-Guillaume: Portrait d'un révolutionnaire en général: Jonas Savimbi, 1987, Table ronde, 276 Säiten. D'Buch baséiert op ville Gespréicher mam Savimbi, a gëtt seng Iddien a Virstellungen däitlech erëm.

Um Spaweck änneren