Jonas Žemaitis-Vytautas

De Jonas Žemaitis-Vytautas, gebuer de 15. Mäerz 1909 zu Palanga a gestuerwen de 26. November 1954 zu Moskau, war e litauesche Generol a Chef vun der litauescher Ënnergrondarméi am Ufank vun der sowjetescher Okkupatioun vu Litauen nom zweete Weltkrich.

Jonas Žemaitis-Vytautas
Gebuer 15. Mäerz 1909
Gestuerwen 26. November 1954
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Litauen
Aktivitéit Militär, Resistenzler

Hien huet als Partisan bis 1951 a Litauen gewierkt, an huet sech vum Dezember 1951 un, misse wéinst senger Lähmung an engem Bunker verstoppen. Hie gouf 1953 duerch Verrot vun der Sowjetunioun gefaange geholl an 1954 ass hien zu Moskau erschoss ginn.