John Zimmer

lëtzebuergeschen Archeolog


De John Zimmer, gebuer den 8. Mee 1942 a gestuerwen de 26. Abrëll 2021, war e lëtzebuergesche Spezialist vu Buergen a Schlässer.

John Zimmer
Gebuer 8. Mee 1942
Gestuerwen 26. Abrëll 2021
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Baufuerscher, Archeolog

Viru senger Pensioun huet hie beim Service des sites et monuments nationaux geschafft. Seng Spezialitéit war Baufuerschung mat moderner Vermiessungstechnik.

Iwwer säin Interessi un der Veianer Buerg an hirer Geschicht[1], koum hien och dozou déi weltbekannt Buerg Krak des Chevaliers a Syrien z'ënnersichen.

An engem Interview 2019, huet hie sech fir en Ausbau vun der touristescher Informatioun iwwer Buergen a Schlässer zu Lëtzebuerg ausgeschwat.[2]

Literatur änneren

  • Zimmer, J. (1990). Le château de Larochette (Grand-duché de Luxembourg) : La maison de Créhange, une résidence seigneuriale du XIVe siècle. Caen: Centre de recherches archéologiques médiévales.
  • Zimmer, J., & Les amis de l'ancien château de Beaufort. (1996). Die Burgen des Luxemburger Landes. Luxemburg: Ed. Saint-Paul.
  • Zimmer, J. (1998). Zur Wahl des Burgbauplatzes an den Beispielen von Luxemburg, Vianden, Befort und Fels. Caen: Centre de recherches archéologiques médiévales.
  • Biller, Thomas. (Hg.), Der Crac des Chevaliers. Die Baugeschichte einer Ordensburg der Kreuzfahrerzeit. Regensburg (Schnell & Steiner), 2006, 451 p. (Forschungen zu Burgen und Schlössern. Sonderband 3), ISBN 3-7954-1810-0.
  • Zimmer, J., & Amis du château de Vianden. (2016). Die Burg Vianden : Geschichte - Architektur - Rundgang. Vianden: Les Amis du Château de Vianden asbl.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Brudder vum Veianer Grof hat de Keeser Friedrich I. (Barbarossa) op e Kräizzuch begleet.
  2. Graaff, L. (2019): Interview John Zimmer : „Jede Burg hat ihr Eigenleben“. In: Trierischer Volksfreund v. 23. Juli 2019. (On-line). Gekuckt de(n) 10.08.2020.