John Wolter (Rapper)

lëtzebuergesche Rapper

De John Wolter, gebuer den 28. Januar 1994, als Rapper och bekannt als Ragga a John Ragga, ass e lëtzebuergesche Museker a Museksenseignant.[1]

John Wolter
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Museker

Hien ass Batteur an der Punkband All the Way Down an der Reggaeband The Disliked, an ass am Hip-Hop-Kollektiv Stayfou aktiv.[2]

Biographie änneren

De John Wolter huet 2009 d'Punkband All the Way Down am Norde vu Lëtzebuerg matgegrënnt. Déi huet 2012 d'EP We Aren't All the Same an 2017 den Album For the Princess opgeholl. Ufanks huet d'Grupp nach éischter Skatepunk gespillt, éier sech de Stil duerno a Richtung alternativen a progressive Punk entwéckelt huet.[3]

Zesumme mam Rapper Tommek huet hien 2013 d'Lidd Mlimli & eng Mötsch! erausbruecht. D'Joer drop ass hien Drummer bei der Ska-Punk- a Reggae-Band The Disliked ginn. Mat där huet hien d'Albumen Hôtel N°25 (2015) a Reggae Rescue (2019) opgeholl. Mat The Disliked ass hien op bal alle grousse Museksfestivallen zu Lëtzebuerg opgetrueden.

Vun 2018 un huet hien och als Rapper ënner dem Numm Ragga an John Ragga eege Lidder verëffentlecht. Eent vun deenen éischte war Virsaatz mam luk.. En Album Daischter Gaassen [sic] koum 2019 eraus. Als Ragga huet hie mat anere Rapper aus dem Kollektiv Stayfou kollaboréiert, dorënner dem Skinny J an Turnup Tun an och mat anere Rapper wéi dem V.I.C an dem Skibi.

Säit 2019 ass hien Enseignant fir Batterie / Drumset a Formation musicale an der Muséksschoul zu Wooltz. [4]

Am Summer 2021 huet hien ënnert dem Numm Don Piano mat Claire Parsons, Charel Stoltz, Mateus Wojda an Eric Junker e puer Concerte gespillt.[5] Am Oktober huet 2022 huet de John Ragga d'Lidd Gespréicher um Balcon erausbruecht.

Discographie als Rapper änneren

Album änneren

  • 2019: Daischter Gaassen

Lidder (Auswiel) änneren

  • 2013: Mlimli & eng Mötsch! (Tommek) a John Wolter
  • 2018: Virsaatz (mam luk.)
  • 2019: Wonnen
  • 2019: Bounce (mam luk. a Skinny J)
  • 2020: Kickboard (Freestyle)
  • 2020: Valhalla (Tommek feat. Ragga a luk.)
  • 2020: Santa (Tommek feat. John Ragga)
  • 2021: Zait fir mech [sic]
  • 2021: Colombera (mam Skibi)
  • 2022: Gespréicher um Balcon

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. emw.lu: Ecole de Musique Wiltz - Lehrpersonal 25. Januar 2023
  2. 100komma7.lu: Fënnefvéierel: John Wolter (14. November 2021)
  3. court-circuit.band: All the way down
  4. wiltz.lu: DE BUET - Informatiounen aus der Gemeng Wooltz an der Regioun, Interview mam John Wolter, Säit 12 Februar 2021
  5. parsonsclaire.com: Don Piano