De Johannes de Muris, gebuer ëm 1290 an der Normandie a gestuerwen ëm 1355, war e franséische Mathematiker, Astronom, Museker a Kalennerreformer vum Spéitmëttelalter.

Johannes de Muris
Gebuer 1300 jul.
Normandie
Gestuerwen 1350
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Paräis
Aktivitéit Musekstheoretiker, Musikolog, Mathematiker, Astronom, Philosoph, Schrëftsteller, Museker
Johannes de Muris - Proportiounen.

Liewen änneren

Zanter 1321 hat den De Muris op der Sorbonne zu Paräis geléiert, wou hie warscheinlech ëm 1350 och gestuerwe war. Hie war och en aflossräiche Musektheoretiker vun der Ars Nova. Seng Haaptwierker waren d'Musica practica an d'Musica speculativa. Dozou koume mathematesch Schrëfte wéi d'Quadripartitum numerorum vun 1343 a seng Schrëft iwwer d'Kalennerreform vun 1317.

Schrëften änneren

Musek änneren

  • Musica practica
  • Musica speculativa secundum Boethium (1323)

Mathematik änneren

  • Canones tabule tabularum (1321)
  • Quadripartitum numerorum (1343)
  • Arithmetica speculativa (ëm 1343)
  • Figura inveniendi sinus kardagrum

Zäitrechnung änneren

  • Epistola super reformatione antiqui kalendarii (1317)

Literatur änneren

  • Christine Gack-Scheiding: Johannes de Muris Epistola super reformatione antiqui kalendarii. Ein Beitrag zur Kalenderreform im 14. Jahrhundert (= Monumenta Germaniae Historica. Studien und Texte, Bd.11). Hannover 1995
  • Johannes de Muris, bearb. v. H. Leuchtmann u. a. In: Lexikon des Mittelalters, Bd. 5, 1990, Nachdruck Stuttgart 1999, Sp. 591

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie