De Johann Bayer, gebuer am Joer 1572 zu Rain um Lech, Landkrees Donau-Ries, a gestuerwen de 7. Mäerz 1625 zu Augsburg, war en däitschen Astronom a Jurist. Hien huet dee bedeitenden Himmelsatlas, d'Uranometria gemaach.

Johannes Bayer
Gebuer 1572
Gestuerwen 7. Mäerz 1625
Augsburg
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Astronom, Affekot
Uranometria, 1603

Vu 1592 un studéiert hie Philosophie an Droit op der Universitéit Ingolstadt. Säi Studium huet en um Enn vum 16. Joerhonnert ofgeschloss als Lizentiat der Rechte an hien huet sech als Affekot zu Augsburg niddergelooss.

Donieft huet de Bayer sech intensiv beschäftegt op de Gebidder: Mathematik, Archeologie an Astronomie.

Säin astronomescht Haaptwierk war den Himmelsatlas Uranometria vu 1603. Deen Atlas, deen zum Deel op Beobachtungdate vum Tycho Brahe baséiert, war deen éischten, deen déi ganz Himmelskugel ofdeckt, mat am Ganzen 51 Kaarten.

Als Undenken un de Bayer gouf een Impaktkrater um Äerdmound no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Johann Bayer – Biller, Videoen oder Audiodateien