De Jiří David, gebuer den 28. August 1956 zu Rumburk, an der deemoleger Tschechoslowakei, ass en tschechesche Kënschtler.

Jiří David
Gebuer 28. August 1956
Nationalitéit Tschechesch Republik
Aktivitéit visuelle Kënschtler, Fotograf, Moler, Enseignant, Typograph, Illustrateur

Hien huet ugefaange mat Molereien, ma ass méi spéit op eng ganz Rëtsch vu Supporten an Ausdrocksformen iwwergaangen: Skulpturen, Installatiounen, Architektur, Fotografie, Video a Lyrik.

Hien huet op der Prager Konschtakademie studéiert a wärend sengem Studium, nach ënner kommunisteschem Regime, wou sou eppes verbuede war, mat Studente vun aneren Akademien zesummen eng Ausstellung mam Titel "Konfrontatioun" organiséiert.

1987 war hie Matgrënner vun der Kënschtlergrupp Tvrdohlaví. Tëscht 1995 an 2001 huet hien a Workshop a visueller Kommunikatioun op der Prager Konschtakademie geleet, an tëscht 2002 an 2020 de Workshop of Intermediate Confrontation op der Héichschoul fir Konscht an Industrie zu Prag.

2015 huet den Jiří David um Pavillon vun Tschechien an der Slowakei op der 56. Biennale di Venezia e Monumentalbild mam Titel Apotheosis ausgestallt.

Hien huet eng Rëtsch Installatiounen zu Éiere vum Václav Havel geschafen, fir un dem säi Widerstand géint den Totalitarismus z'erënneren, dorënner en neont Häerz op der Prager Buerg oder 2022 déi an der Rue Václav-Havel um Kierchbierg an der Stad.[1]

Wierker änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Jiří David – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: "Une rue et une oeuvre d'art public en hommage à Václav Havel." fondskirchberg.public.lu, 14.12.2022 (nogekuckt: 2023-07-10).