Jeannot Krecké

lëtzebuergesche Politiker, Manager a Sportler

De Jeannot Krecké, gebuer de 26. Abrëll 1950 an der Stad Lëtzebuerg, ass e fréiere lëtzebuergesche Politiker, Manager a Foussballspiller.

Jeannot Krecké
Gebuer 26. Abrëll 1950
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Politiker
Veräin/Ekipp Avenir Beggen
Partei LSAP
Famill
Papp Mathias Krecke

De Jeannot Krecké huet op der ULB zu Bréissel studéiert a gouf duerno Sportsprofesser.

Politiker

Vun 1981 bis 1987 war hie Gemengerot zu Koplescht. Duerno ass en an d'Stad geplënnert an huet sech do an der Gemengepolitik engagéiert; 1989 gouf en op der LSAP-Lëscht fir d'éischt do an de Gemengerot gewielt.

Tëscht 1985 an 1997 war hie Member vum Direktiounscomité vun der LSAP, a vun 1985 bis 1994 och Tresorier.

1989 gouf de Jeannot Krecké an d'Chamber gewielt, a gouf bis zu sengem Récktrëtt ëmmer erëmgewielt. Vun 1994 bis 2004 war hie President vun der Chamberfraktioun vun der LSAP.

Tëscht 2004 an 2009 war de Jeannot Krecké Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Sport an der Regierung Juncker-Asselborn I. An der Regierung Juncker-Asselborn II, déi den 23. Juli 2009 vereedegt gouf, war hie bis den 31. Januar 2012 Minister fir Wirtschaft an Aussenhandel a Minister fir Energie. No sengem Récktrëtt vun där Plaz, aus perséinleche Grënn, huet den Etienne Schneider déi Funktioun iwwerholl[1].

Sportler

De Jeannot Krecké ass e begeeschterte Seegler a fréiere Foussballspiller. Tëscht dem 15. November 1970 am 26. Mee 1977 huet hien 18-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Als Foussballspiller, huet hien ënner anerem bei der Etzella a beim Progrès gespillt.

Soss

De Jeannot Krecké war 1987 Matgrënner an éischte President vun der A.s.b.l. Association Luxembourg Alzheimer. 1997 gouf hie President vun der Fondation Alzheimer[3].

No sengem Récktrëtt als Minister, Enn Januar 2012, huet hien de 27. Mäerz 2012 seng eege Firma Key International Strategy Services SARL, eng Consulting-Firma, gegrënnt[4].

Den 30. Juni 2012 gouf hien an den Opsiichtsrot vu Sistema[5] opgeholl, enger grousser russescher Firma, déi zu London op der Bourse notéiert ass. Hien ass weiderhin de Vertrieder vun der lëtzebuergescher Regierung am Opsiichtsrot vun ArcelorMittal[6],[7].

De Jeannot Krecké ass President vun der East West United Bank a Verwaltungsrotmember vun der China Construction Bank Europe, Jan de Nul Group, Sofidra, Novenergia, Calzedonia Finanziaria an hie war Beroder bei Genii Capital.

Gielercher

Literatur

Marco Meng, „Ich wollte im Leben auch noch anderes tun“, Interview mam Jeannot Krecké am Luxemburger Wort vum 29. November 2018, Säit 11

Um Spaweck

Commons: Jeannot Krecké – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen

  1. "Wirtschaftsminister Jeannot Krecké trëtt zréck." RTL.lu, 10.11.2011, 11:04, Fir d'lescht aktualiséiert: 10.11.2011, 11:29.
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jeannot Krecké op der Websäit vun European Football
  3. Fondation Luxembourg Alzheimer.
  4. memorial.lu
  5. Sistema Board Recommends to the AGM to elect three new Independent Directors Archivéiert op 2013-12-03. Gekuckt de(n) 2013-11-28.
  6. "'Luxemburg Incorporated'." Interview mam J. Krecké am forum Nr.319, Juni 2012, S.24-32, hei S.32.
  7. ArcelorMittal Board of Directors. Archivéiert op 2017-05-04. Gekuckt de(n) 2013-11-28.
  8. Memorial B n° 58 vun 1999 mat der Lëscht vun de Leit déi 1999 eng national Auszeechnung kritt hunn Op der Säit 1149 vun deem Memorial steet 'Promotion 1999' wärend op der Säit 1150 'Promotion 1998' steet. 1999 ass wuel richteg well de Memorial op den 1. Dezember 1999 datéiert ass.
  9. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004