Jeannot Heinen

lëtzebuergesche Komponist
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jeannot Heinen, gebuer de 25. Dezember 1937 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 6. Mäerz 2009 zu Baden-Baden, war e lëtzebuergesche Komponist.

Jeannot Heinen
Gebuer 25. Dezember 1937
Gestuerwen 6. Mäerz 2009
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist

Zanter datt en 9 Joer al war, huet en eng 500 Stécker komponéiert oder ëmgeschriwwen. Nom Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg huet hien op der Musikhochschulen zu Karlsruhe a Saarbrécken studéiert.

Zanter 1969 huet hien zu Baden-Baden gelieft, wou hien 1971 Chef vum Dokumentatiounszentrum vum Südwestfunk gouf, 1981 gouf hie Member vum Opsiichtsrot vun der Brahms-Gesellschaft. 1989 huet hien Korrespondenzen Baden-Baden matgegrënnt, eng Gesellschaft, déi zäitgenëssesch Musek bekannt mécht, an där hire President e gouf.[1]

Wierker änneren

  • Concertino pour alto, violoncelle et orchestre à cordes, op. 27 (1967)
  • Polarisation pour orchestre, op. 56 (1973)
  • Jeux, Divertimento, op. 93 (1978)

Literatur änneren

  • Blasen, Léon: Lëtzebuerger Komponisten: la musique au Luxembourg: d'Blosmuseken zu Lëtzebuerg: d'Veräinschronik vun der Lëtzebuerger Stadmusek. Lëtzebuerg 1988, Sankt-Paulus-Dréckerei, 423 S. (Jeannot Heinen, S. 146-148).
  • Zenner, Roby: Der Musiker und Komponist Jeannot Heinen ist gestorben. Lëtzebuerger Journal 2009, Nr. 48 (10. Mäerz): 22.

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. lgnm.lu