Jeanne Reuter

lëtzebuergesch Molerin

D'Jeanne Reuter, gebuer de 27. Juni 1884 zu Metz, a gestuerwen de 14. Mäerz 1965 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Molerin[1].

Jeanne Reuter
Gebuer 27. Juni 1884
Metz
Gestuerwen 14. Mäerz 1965
Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Albert Calmes
Kanner Christian Calmes

D'Jeanne Reuter krut hir artistesch Ausbildung an de Studioe vum Ferdinand d'Huart (1908) a Félix Glatz (1933-1935)[2] Si huet sech 1908 zu Metz mam Lëtzebuerger Ekonomist Albert Calmes (1881-1967) bestuet. De Calmes war Professer an Dekan op der Wirtschaftsfakultéit vun der Goethe-Universitéit zu Frankfurt am Main. Dräi Jonge koumen aus dem Bestietnes, dorënner den Diplomat Christian Calmes. 1918 ass d'Famill op Lëtzebuerg geplënnert.

D'Jeanne Reuter huet ënner anerem Portraiten, Landschaften a Stadbiller gemoolt. Si war Member an der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg, wou si vun 1935 bis 1960 un den alljärlechen Salonen deelgeholl huet. Bei hirer éischter Participatioun 1935 huet si eng Nature morte am Stil vum Paul Cézanne gewisen[3]. An de spéiden 1950er huet si verschidde Wierker gewisen, déi vun enger Rees am Kongo inspiréiert goufen.

D'Jeanne Reuter ass am Alter vun 80 Joer gestuerwen[4].

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Welter, J., réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Herr, L. (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Letzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 278.
  3. "Zur Kunstausstellung im Cercle", Luxemburger Wort, 8. Juni 1935.
  4. "Madame Albert Calmes née Jeanne Reuter", Doudesannonce vun der Famill, am Luxemburger Wort vum 15. Mäerz 1965.