Jean Spautz

lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler

De Jean Spautz, gebuer den 9. September 1930 zu Schëffleng, ass e lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.

Jean Spautz
Gebuer 9. September 1930
Schëffleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei CSV
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot
Famill
Kanner Marc Spautz

De Jean Spautz war Aarbechter um Walzwierk op der Arbed. Hien huet sech fréi politesch engagéiert. Vun 1954 bis 1958 war hie President vun der JOC a vun 1960 bis 1966 President vun der Jugendsektioun vun der CSV. Vun dëser Partei war hien och vun 1982 bis 1990 President. President vum LCGB war hie vun 1967 bis 1980.

De Jean Spautz war tëscht 1964 an 1980 Member vum Schëfflenger Gemengerot an zousätzlech tëscht 1975 an 1980 Schäffen.

Vun 1959 bis 1980 war hien Deputéierten an der Chamber. 1979-1980 war en hire Vizepresident a vun 1995 bis 2004 hire President.

Vun 1980 bis 1989 war hien Inneminister, Minister fir Famill, Soziale Wunnengsbau a sozial Solidaritéit an der Regierung Werner-Thorn-Flesch a Santer-Poos I. Vun 1989 bis 1995 war hien Inneminister a Minister fir Wunnengsbau an Urbanismus an der Regierung Santer-Poos II an III.

Vun 1979 bis 1980, an dann nees vun 2004 bis 2009, war hien Deputéierte vum Europäesche Parlament. Hie war och Member vun der Assemblée consultatice vum Europarot a vun der Westeuropäescher Unioun (1968-1979).

De Jean Spautz ass de Papp vum Monique a Marc Spautz.

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Spautz – Biller, Videoen oder Audiodateien


Referenzen änneren

  1. Distinction honorifique pour le Président de la Chambre des députés Jean Spautz
  2. Mérite Spautz Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale] op der Säit 6 vum Luxemburger Wort vum 25. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 23. Oktober 2022