De Jean Pütz, gebuer den 21. September 1936 zu Köln, ass en däitsch-Lëtzebuerger Wëssenschaftsjournalist an Televisiounsanimateur.

Jean Pütz
Gebuer 21. September 1936
Köln
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Televisiounsmoderateur, Journalist
De Jean Pütz bei der Aweiung vum Geysir-Erliefneszentrum zu Andernach

Als Kand vun enger Lëtzebuergerin an engem Däitsche verbréngt de Jean Pütz seng Kandheet a Jugend zu Réimech an an der Stad Lëtzebuerg. Hie mécht eng Ausbildung als Elektromecanicien op der École des arts et métiers a studéiert, nodeem en ee Joer op ARBED-Belval geschafft huet, zu Köln Noriichtentechnik op der Ingenieursschoul. Duerno mécht en d'Première no a studéiert da Physik a Mathematik fir Professer ze ginn.

Parallel zu senger Stage-Zäit studéiert de Pütz Soziologie an Ekonomie, a schléisst dee Studium mat engem Diplom of.

Vun 1970 bis 2001 ass de Jean Pütz Redakter beim Westdeutscher Rundfunk, wou e geschwënn d'Direktioun iwwer d'Redaktiounen Naturwëssenschaft an Technik huet. Populär gëtt en duerch d'Emissioun Hobbythek, an där Naturphenomeener an Technik op eng verständlech Aart a Weis explizéiert ginn, dacks, andeems Saache gewise ginn, déi ee selwer ka maachen. Parallel dozou gëtt de Pütz eng Buchserie zu Theemen, déi gewise ginn, eraus (am Ganzen eng 80 Stéck), déi e grousse Succès huet: am Ganzen hu s'eng Oplo vu 6 Milliounen Exemplairen.

No senger Pensioun mécht de Pütz a sengen Emissiounen als fräie Mataarbechter virun. 2005 wiesselt e bei den ZDF fir do eng nei Serie ze maachen.

De Jean Pütz ass fir d'zweet bestuet an huet 3 Kanner.

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Jean Pütz: Ich hab' da mal was vorbereitet: Ein Glückspilz packt aus - Meine Biographie. SBV 2017. ISBN 978-3959720908.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Xavier Bettel zeichnet Jean Pütz, Ranga Yogeshwar und Tom Hillenbrand aus op www.gouvernement.lu