De Jean Lucien Nicolas Jacoby, gebuer de 26. Mäerz 1891 zu Lëtzebuerg, a gestuerwen den 9. September 1936 zu Mulhouse, war e lëtzebuergesche Moler vu Sportthemen. Hien huet zweemol, 1924 zu Paräis mat sengen Aquarelle "Corner", Depart a "Rugby" an 1928 zu Amsterdam mat dräi Rugbyzeenen, d'Goldmedail am Olympesche Konschtconcours gewonnen, wat soss keen olympeschen Artist fäerdegbruecht huet.

Jean Jacoby
Gebuer 26. Mäerz 1891
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. September 1936
Mulhouse
Nationalitéit Lëtzebuerg, Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Famill
Bestuet mat Maria Jacoby
Foussball
d'Leefer Edwards a Wodruff
Fechter
Rugby

1932 zu Los Angeles krut hie Spezialmentioune fir seng Wierker an 1936 zu Berlin gouf hien och erëm als Gewënner annoncéiert, awer den Organisatiounscomité huet du beschloss keng Medail fir den Éischt klasséierten ze verdeelen.

Säi Liewen änneren

No senger Kandheet a Jugend zu Molsheim am Elsass, huet de Jean Jacoby säi Konschtstudium an der École des Beaux-Arts zu Stroossbuerg gemaach.

Duerno war e vun 1912 bis 1918 Zeecheprofesser an der Lewin-Funcke-Schoul zu Berlin, ass dann als Kierchemoler op Wiesbaden gaangen, an dunn op Stroossbuerg, wou en d'kënschtleresch Direktioun vun enger Dréckerei iwwerholl huet.

Defintiv ass hien international bekannt ginn nodeem hien 1923 a Frankräich de Concours de l'Auto mat senger Zeechnung den Hürdeleefer als beschte Sportzeechner, géint ongeféier 4.000 Konkurrenten, gewonnen hat. Vun 1926 bis 1934 huet hie beim Ullstein-Verlag als Zeechner a kënschtlereschen Direkter fir zwou Zeitungen, d-Berliner Illustrierte an d'Grüne Post, déi do erauskoumen, geschafft. Hie war och de Grënner vun enger Radioprogrammzäitschrëft fir ganz Däitschland, déi Sieben Tage geheescht huet.

1934 ass hien op Mulhouse geplënnert, wou en 1936 un engem Häerzschlag gestuerwen ass.

Seng zweet Fra war d'Maria Jacoby.

No him genannt änneren

Am August 1937 gouf zu Schëffleng e Monument zu Éiere vum Jean Jacoby opgeriicht, dat de Wenzel Profant entworf hat[1] an de Schëfflenger Sportstadion no him genannt. Zu Bouneweg gëtt et och eng Strooss déi säin Numm huet: d'rue Jean Jacoby verbënnt d'rue Pierre Krier mat dem boulevard Baden-Powell.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean Jacoby – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Olympesch Reng
Konschtkompetitiounen
Gold Olympesch Summerspiller 1924 an 1928 Zeechnungen

Referenzen änneren

  1. Escher Tageblatt vum 8-3-1937.