Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny

De Jean I. vu Lëtzebuerg-Ligny, gebuer 1300 a gestuerwen 1364, war Grof vu Ligny, vu Roussy a vu Beauvoir vun 1354 bis 1364. Hie war de Jong vum Walram II., Grof vu Ligny, a vun der Guyotte vu Lille.

1330 huet hie sech mat der Alix vun Dampierre-Flandern (1322-1346), Dame de Richebourg, bestuet. Si war d'Duechter vum Guy de Dampierre, Här vu Richebourg, an der Béatrice de Putten en Strijen. Hir Kanner waren:

  • Guy (1340-1371) Grof vu Ligny, Här vu Roussy a vu Beauvoir
  • Jean († 1360), Här vu Roussy
  • Jean (1342-1373), Bëschof vu Stroossbuerg (1365-1369) Äerzbëschof vu Mainz (1371-1373)
  • Henri (1344-1366) Kanonikus zu Köln a Cambrai
  • Walram, ernimmt 1347
  • Jacques
  • Jeanne († 1392), Gräfin vu Faucquenberghe
  • Marie († 1376 oder 1382),
  • Philippote († 1359),
  • Catherine († 1366).

Nom Doud vu senger Fra huet hie sech eng zweet Kéier betuet mat der Jeanne Bacon, der Duechter vum Roger VI. Bacon, Här vu Molay a Barong vun Normandie.