Jean-Nicolas Moes

lëtzebuergesche Journalist an Editeur

De Jean-Nicolas Moes gebuer den 29. August 1857 zu Weiler zum Tuer, a gestuerwen den 8. August 1907, war e Lëtzebuerger Journalist an Editeur. Zum Deel huet e seng Artikele mat de Pseudonymme Jan van Wyler oder Jéhan Latour ënnerschriwwen.

Jean-Nicolas Moes
Gebuer 29. August 1857
Weiler zum Tuer
Gestuerwen 8. August 1907
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Journalist

Mat 25 Joer huet hien zu Iechternach, an der Dréckerei Burg, eng Wochenzeitung mam Titel Der Tourist. Ein Führer durch das historische und romantische Grossherzogtum Luxemburg und dessen nächste Umgebung erausginn. Schonn no 13 Nummeren huet déi Zeitung den Titel an den Drécker gewiesselt, se housch vun do un Das Luxemburger Land. Organ zunächst für inländische Altertumskunde und Geschichte, Literatur, Verschönerungswesen und Touristik an ass an der Stad beim Pierre Bruck erauskomm. Am Ufank huet de Moes déi meescht Artikele selwer geschriwwen, méi spéit koumen den Historiker Nicolas van Werveke an de Paschtouer Martin Blum als Mataarbechter dobäi. No ronn 6 Joer huet déi Zeitung nees opgehalen.

6 Joer drop, 1895-96 huet hie mam Fotograf Charles Bernhoeft Das Luxemburger Land in Wort und Bild publizéiert, wouran dem Bernhoeft seng Fotoe verëffentlecht goufen. Mä si konnt sech net emol ee Joer halen.

Hien huet och a verschiddenen antiklerikalen Zeitunge matgeschafft, an huet vun 1886 un de Letzeburger Kladderadatsch erausginn.

Mam Charles André Engel huet de Moes am kathouleschen Das freie Wort geschriwwen.

Um Spaweck änneren