Jean-Monnet-Gebai

fréiert Gebai vun der Europäescher Kommissioun an der Stad Lëtzebuerg

D'Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg war e Verwaltungsgebai an der Stad Lëtzebuerg, dat vum Lëtzebuerger Staat fir verschidde Servicer vun der Europäescher Kommissioun gebaut an hinnen, via de Fonds d'urbanisation et d'aménagement du plateau de Kirchberg (FUAK) zur Verfügung gestallt gouf. Et war nom Jean Monnet genannt ginn. Architekt war de Bohdan Paczowski, zesumme mat deem sengem Konsortium Uniarch.

Jean-Monnet-Gebai
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stad Lëtzebuerg
Plaz Kierchbierg
Adress Rue Albert-Wehrer
Koordinaten 49° 37’ 23’’ N 06° 08’ 40’’ O
Datum vum Bau 1977
Ofgerappt oder zerstéiert 2019

D'Gebai gouf de 5. Mee 1977 a Presenz vum Groussherzog Jean vu Lëtzebuerg, senger Fra Joséphine-Charlotte, dem Kommissiounspresident Roy Jenkins an dem Lëtzebuerger Premierminister Gaston Thorn ageweit.

An den 2010er Jore gouf kloer, datt d'Gebai net méi de Bau- a Sécherheetsnorme géif entspriechen. Ë. a. gouf sech Suergen ëm Asbest gemaach, dee beim Bau a grousse Quantitéite verschafft gi war.[1] Och war d'Zuel vun de Mataarbechter vun der Kommissioun iwwer d'Jore geklommen, sou datt zousätzlech Gebaier hu misse bäigelount ginn.[2] Sou gouf decidéiert, d'Jean-Monnet-Gebai ofzerappen an en neit Gebai an d'Plaz ze bauen. 2015 sinn déi éischt Servicer an aner Gebaier uechter d'Stad, Ariane, Bech, Drosbach a Laccolith genannt, geplënnert, 2016 sinn d'Iwwersetzer an dat neit T2-Gebai geplënnert. Am Juni 2017 huet de Chef vun der Gebai-Verwaltung vun der Kommissioun symbolesch dem President vum Verwaltungsrot vum FUAK de Schlëssel zeréckginn.

D'Jean-Monet-Gebai gouf bis 2019 komplett ofgerappt. Dobäi goufen ronn 400 Tonnen Aluminium, 150 Tonne Glas a 45 Tonnen Holz recycléiert[3]

Dat neit Gebai mam Numm Jean-Monnet-2 gëtt deels niewent, deels um Emplacement vum urspréngleche Jean-Monnet-Gebai gebaut; et soll (Stand Summer 2023) géint Enn 2024 fäerdeg sinn. Ursprénglech war 2019 virgesinn.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. ml: "Asbest im Jean MonnetGebäude." wort.lu, 04.07.2014.
  2. Communication from the Commission on Policy for the Accommodation of Commission Services in Brussels and Luxembourg (PDF) (Report). European Commission. 5 September 2007. COM(2007)501.
  3. Duncan Roberts, Céline Coubray:"Jean Monnet recycled." delano.lu, 25 July 2018 (nogekuckt: 2023-08-29).