De Jean-Claude Mézières, gebuer den 23. September 1938 zu Paräis, a gestuerwen den 23. Januar 2022, war e franséische Kënschtler a Comiczeechner. Hie gouf duerch d'Comicserie Valérian et Laureline, fir déi en 1984 mam Grand Prix de la Ville d'Angoulême ("Prix Alfred") geéiert gouf, bekannt.

Jean-Claude Mézières
Gebuertsnumm Jean Claude René André Mézières
Gebuer 23. September 1938
12. Arrondissement
Gestuerwen 23. Januar 2022
13. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École des Métiers d'Art
Aktivitéit Comicauteur, Cartoonist, Illustrateur

1955 huet hien ugefaangen, fir Comicmagaziner ze zeechnen.[1] 1965 ass en eng Zäitchen an d'USA gaangen, fir am Montana an am Arizona als Cowboy ze schaffen. Zu Salt Lake City huet hie säi Jugendkolleeg Pierre Christin erëmgetraff, deen do Franséischcourse ginn huet.[2] An de Joren dono hunn déi zwéin d'Science-Fiction-Serie Valérian et Laureline geschaaft, déi an der Zäitschrëft Pilote erauskoum. 23 Albume sinn esou zustane komm.

Fir de Film Le cinquième élément huet de Jean-Claude Mézières zesumme mam Jean Giraud den Design entworf.

Albumen änneren

  00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Claude Mézières – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Valérian et Laureline en deuil: Jean-Claude Mézières est mort." La Nouvelle République, 2022-01-24
  2. Marius Chapuis: "BD: mort de Jean-Claude Mézières, cow-boy de l'espace." liberation.fr, 2022-01-23