De Jean-Claude Biver, gebuer den 20. September 1949 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesch-schwäizeresche Manager, deen an der Auerenindustrie Carrière gemaach huet.

Jean-Claude Biver
Gebuer 20. September 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg, Schwäiz
Educatioun Universitéit vu Lausanne
Aktivitéit Geschäftspersoun

Am Alter vun 10 Joer ass hie mat senger Mamm a sengem Brudder an d'Schwäiz geplënnert.

Hien huet op der Faculté des Hautes Études Commerciales (HEC) vun der Université de Lausanne studéiert.

Vun 1975 bis 1979 war hie bei Audemars-Piguet, wou hien zoustänneg fir de Verkaf an Europa war.

Duerno, bis 1981, war hie bei Omega SA an der Marketing-Ofdeelung.

Mat sengem Geschäftspartner Frédéric Piguet huet hien 1981 d'Aueremark Blancpain, déi 1735 gegrënnt gouf, fir 18 000 Schwäizer Frang opkaaft. Zu deem Zäitpunkt huet Blancpain nëmmen nach aus engem Markenumm bestanen, gouf awer ënner der Regie vum Jean-Claude Biver zu enger vun de fënnef féierenden Aueremarken.

1992 gouf Blancpain un SMH (zanter 1998 The Swatch Group) vum Nicolas Hayek ofgetrueden, an de Jean-Claude Biver gouf do Member vun der Generaldirektioun.

Vu Mee 2004 bis Januar 2012[1] war hien CEO bei der Auerefirma Hublot, déi 1980 vum Carlo Crocco ënner dem Numm MDM Genève gegrënnt gouf. Hublot gehéiert zanter 2008 dem Grupp LVMH vum Bernard Arnault, deen zu de räichste Leit vun der Welt zielt.

Zanter 2012 ass de Jean-Claude Biver President vum Verwaltungsrot vun Hublot.[2]

De Jean-Claude Biver ass e Kenner vu gudder Kichen an och bekannt fir säin aussergewéinleche Wäikeller. 2007 huet hien zu Lëtzebuerg eng Konferenz gehalen, déi vun der Bank Dexia BIL gesponsert gouf an an der hien iwwer d'Entwécklung vun der Schwäizer Auerenindustrie referéiert huet.

Nodeem zu Lëtzebuerg déi duebel Nationalitéit agefouert gouf, huet hien zanter dem 7. September 2011 nieft sengem Lëtzebuerger Pass, och de Schwäizer Pass.[3]

Hien ass de Brudder vum Marc Biver.

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger ronderëm d'Welt, Éditions Luxnews, 2003, S. 26: Jean-Claude Biver.

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Claude Biver – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "De Jean-Claude Biver net méi Generaldirekter vun Hublot." RTL.lu - 09.01.2012, 09:26 | Fir d'lescht aktualiséiert: 09.01.2012, 10:57.
  2. Communiqué vun Hublot, 6. Januar 2012.
  3. Jean-Claude Biver a été naturalisé à Lausanne. Luxembourgeois d'origine, le patron des montres Hublot a décroché son passeport rouge à croix blanche ce mercredi matin. Quell: Artikel vum Raphaël Delessert op 24heures.ch vum 07.09.2011, gelies den 23. Januar 2014
  4. Nationalfeierdag: Offiziell Zeremonie an der Philharmonie op rtl.lu