Jean-Baptiste Wercollier

lëtzebuergesche Sculpteur
Dëse Konschtartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


De Jean-Baptiste Wercollier (genannt “Batty”), gebuer den 28. Juni 1868 am Stadgronn a gestuerwen de 24. September 1946 an der Stad, war e lëtzebuergesche Sculpteur.

Jean-Baptiste Wercollier
Gebuer 28. Juni 1868
Gronn
Gestuerwen 24. September 1946
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sculpteur
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Kanner Lucien Wercollier, Roger Wercollier

Nom Kolléisch huet hie beim Sculpteur Putz an der Stad geschafft, an ass duerno op Stroossbuerg, op d'École nationale supérieure des beaux-arts zu Paräis, op d'Kunstgewerbeschule Karlsruhe[1] an op d'Académie royale des beaux-arts zu Bréissel[1] gaangen, fir sech an der Skulptur weider ze perfektionéieren. 1893 koum en zeréck op Lëtzebuerg a gouf 1896 Professer fir Skulptur an der Handwierkerschoul. Seng Spezialitéit ware Büsten aus Holz a patinéiertem Gips.

1906 gouf de Jean-Baptiste Wercollier - zesumme mam Étienne Gallowich - domat beoptragt fir d'Sculpturen, d'Stuckdekoren an d'Konschtschmattaarbechten fir d'Badanstalt an der Stad z'entwerfen[1].

De Jean-Baptiste Wercollier war Grënnungsmember vum Cercle artistique de Luxembourg. 1909 krut hien, zesumme mam Claus Cito, de Prix Grand-Duc Adolphe[2].

De Jean-Baptiste Wercollier war de Papp vum Sculpteur Lucien Wercollier.

Wierker änneren

Gielercher änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jean-Baptiste Wercollier – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Robert L. Philippart “Marché ouvert, production industrielle, quelle part pour l'artisanat?” onsstad Nr 111/2016, S. 18-19
  2. 2,0 2,1 Websäit vum Cercle artistique de Luxembourg (CAL) gekuckt den 29. Januar 2017
  3. 3,0 3,1 Doudesannonce vum Jean-Baptiste Wercollier am Escher Tageblatt vum 26. September 1946 Archivéiert op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2015-02-22.