Jean-Baptiste Kellen

lëtzebuergesche Beienziichter

De Jean-Baptiste Kellen, gebuer de 16. September 1839 zu Eppelduerf, a gestuerwen am Abrëll 1929 zu Cliffside, am New Jersey, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter, Telegrafist an Imker. Hie gouf De Beiepapp oder Vater der luxemburgischen Bienenzucht genannt.[1]

Jean-Baptiste Kellen
Gebuer 16. September 1839
Eppelduerf
Gestuerwen Abrëll 1929
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schoulmeeschter, Beienziichter
Famill
Kanner Tony Kellen, Paul Kellen
Invitatioun vum J.B. Kellen an der L'Indépendance luxembourgeoise (1882)

De Jean-Baptiste Kellen gouf an enger Bauerefamill gebuer, als Jong vum Jean Kellen an der Margretha Lorens.[2] Hie war Schüler am Progymnase zu Dikrech an am Stater Kolléisch. Hien huet dono seng Qualifikatioun als Schoulmeeschter gemaach an huet e puer Joer am Éislek enseignéiert. 1871 huet hien eng Aarbecht als Telegrafist an der Stad Lëtzebuerg fonnt.

De Kellen huet sech fir d'Beienzuucht interesséiert an huet 1876 der Groussherzoglecher Agrarkommissioun e Plang virgeluecht, wéi een déi am Land verbessere kéint. Am selwechte Joer huet hien d'lëtzebuergesch Imker a Beiefrënn opgeruff, eng Associatioun ze grënnen.[3] Ëm 1880 ass hie mat senger Famill op de Lampertsbierg geplënnert. Hien huet a sengem Gaart Beiestäck opgeriicht, déi hien intresséierte Leit virgefouert huet. Um Lampertsbierg gouf hie Bürosmanager an der Rousenziichterei vun de Bridder Ketten. Hien huet hir zweesproocheg Kataloge redigéiert, a sech ënner anerem ëm d'Ausstelle vun Adress-Etikette fir d' Bestellunge gekëmmert.[4] De Kellen huet seng ganz Fräizäit mat der Beienzuucht verbruecht, Virträg doriwwer gehalen an nei Methoden zu Lëtzebuerg agefouert. 1882 huet hien d'Zäitschrëft Bienenblatt gegrënnt, déi hie bis 1885 op eegene Kont publizéiert huet.

1884 huet hien zesumme mam Jean Buchholtz am Kanton Esch den éischte Lëtzebuerger Imkerverband gegrënnt. 1886 war de Kellen bei der Grënnung vum Landesverein für Bienenzucht bedeelegt. Hie gouf den éischte Redakter vun der Veräinszäitschrëft, der Lëtzebuerger Beien-Zeitung, der Nofollgerin vu sengem Bienenblatt, déi bis haut existéiert.[5] 1906 huet hien d'Buch Das Bienenrecht in Luxemburg geschriwwen.

De Kellen war mat der Anna Margaretha Lunebach (gestuerwen 1901), aus der Neierbuerg bestuet. Si haten dräi Meedercher an zwéi Jongen, dorënner d'Marguerithe Kellen (1866-1896), déi den Auguste van Werveke bestuet huet, de Schrëftsteller Tony Kellen (1869-1948) an de Moler Paul Kellen (1881-1918).[6]

De Jean-Baptiste Kellen ass 1911 an d'USA ausgewandert, wou hie mat senger Duechter Anne Leclercq-Kellen gelieft huet. Hien huet weider fir d'Beien-Zeitung geschriwwen an d'Beienzuucht gefërdert. Hien ass am Alter vun 89 Joer, an der Nuecht op den 2. Abrëll 1929, gestuerwen.[7]


Referenzen an Notten änneren

  1. "Jean-Baptiste Kellen", Today in Luxembourg-USA History.
  2. Gebuertsschäin Gemeng Iermsdref: n° 17, 1839.
  3. "J. B. Kellen, der „Vater der luxemburgischen Bienenzucht“, begeht seinen 90. Geburtstag", Obermosel-Zeitung, 4. September 1928.
  4. Evy Friedrich, "Rosen vom Limpertsberg", ons stad, nr. 18, 1985, S. 16-17.
  5. Lëtzebuerger Beien-Zeitung.
  6. "Aus Luxemburgs Geschichte", Obermosel-Zeitung, 24. Januar 1933.
  7. "J B Kellen †", Luxemburger Wort, 17. Abrëll 1929.