Jaume Bartumeu

andorranesche Politiker

De Jaume Bartumeu Cassany, gebuer den 10. November 1954, ass en andorranesche Politiker.

Jaume Bartumeu
Gebuer 10. November 1954
Andorra la Vella
Nationalitéit Andorra
Educatioun Universitéit vu Barcelona,
Universitéit Toulouse I
Aktivitéit Politiker, Affekot
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Hien ass zanter 1982 um Barreau zu Andorra als Affekot ageschriwwen. Hien ass Matgrënner vun der andorranescher sozial-demokratescher Partei, a war tëscht 2000 an 2004 hiren éischte Sekretär. 1990-1992 war hie Minister fir Finanzen, Handel an Industrie.

Bei de Parlamentswale vun 2009 krut seng Partei mat 45,03 % (14 Sëtz) déi meescht Stëmmen an hie gouf Premierminister. Déi virgezunnen Neiwalen am Abrëll 2011 goufe mat absolutter Majoritéit vun der Oppositiounspartei Demòcrates per Andorra gewonnen.

Hien ass bestuet an huet 2 Kanner.