D'Jaroslawler Gare (op Russesch: Ярославский вокзал) ass eng Kappgare zu Moskau. Si gouf 1862 op der Komsomolskaja Plaz gebaut.

D'Jaroslawer Gare

D'Gare ass den Ausgankspunkt vun der Transsibirescher Eisebunn. Do fiert ënner anerem de leegendären Zuch Rossija fir op Wladiwostok fort.

D'Jaroslawler Gare verbënnt Moskau mat dem Norden, dem Ural a Sibirien. Iwwer d'transsibiresch Eisebunn kënnt ee bis an d'Mongolei an a China.

Architektur vun der Gare änneren

An der Nisch vum Giewel sinn dräi Wopen duergestallt: Den hellege Georg vu Moskau, den Äerzengel Michael deen en Däiwel niddermécht, an de Bier mat der Aaxt vun der Stad Jaroslawl.

Um Spaweck änneren

Commons: Jaroslawler Gare – Biller, Videoen oder Audiodateien