De Jarkowski-Effet gouf ëm 1900 vum russesch-polneschen Ingenieur Iwan Ossipowitsch Jarkowski beschriwwen an no him genannt. En erkläert den Afloss vun enger schwankender Asteroidenuewerflächenerwäermung op hirem Bunnverlaf.

Beschreiwung änneren

 
1: Uewerflächestralung,
2: prograd rotéierent Objet,
3: Orbit,
4: Sonnenastralung

D'Ursaach fir de Jarkowski-Effet läit an der ënnerschiddlech staarker Erwiermung vun den Asteroidenuewerflächen („Säiten“). D'"Nomëttegsäit" ass dobäi méi waarm wéi d'"Virmëttegsäit", well déi Lescht duerch déi virausgoend Nuecht ausgekillt ass. De Grad vun der Erwiermung an d'Stäerkt vum Effet hänken dobäi ë. a. nach vun der Rotatioun, der Uewerflächenbeschaaffenheet (Reflexioun resp. Albedo) an der Wäermeleetfäegkeet vum Asteroid of. Vun der waarmer Säit geet logescherweis méi Wäermestralung fort wéi vun der kaler Säit; entspriechend dem ënnerschiddlechen Stralungsdrock kënnt et zu enger (niddreger) Kraaft op den Himmelskierper. Vu besonneschem Interessi ass d'Kraaftwirkung tangential zu der Ëmlafbunn, déi zu enger séierer oder lueser Vitess vum Himmelskierper féiert. Als Folleg ginn d'Bunne vun den Asteroiden, déi sech a Richtung vun hirer Fluchbunn ëm déi eegen Achs dréien (prograd), no bausse gedréckt an déi vun deenen, där hir Eegendréiung géint d'Fluchbunn (retrograd) verleeft, no banne verännert.

De Jarkowski-Effet gouf am Fall vum Asteroid Golevka bestätegt. Golevka ass e relativ onopfälleges, duerchschnëttlech groussen äerdnoen Objet vu ronn 0,5 km Gréisst. Trotz der klenger Kraaft vum Effet gouf den Asteroid an nëmme 12 Joer ronn 15 km vu senger Bunn ofgedréit.

Weider Fuerschunge vun der polnescher Adam-Mickiewicz-Universitéit weisen, datt allgemeng Bunnännerunge vun Asteroiden a Richtung bannenzegt Sonnesystem net nëmmen duerch Zesummenstéiss, mä am héije Mooss duerch de Jarkowski-Effet verursaacht gëtt. Objeten déi hir Ëmlafbunn an der Haaptasteroidenceinture tëscht Mars a Jupiter hunn, kënnen op déi Aart a Weis en äerdnoen Objet ginn, deen d'Ëmlafbunn vun der Äerd kräizt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren