Jane Wyman

US-amerikanesch Schauspillerin

D'Jane Wyman, mam richtegen Numm Sarah Jane Mayfield, gebuer de 4. Januar 1917 zu St. Joseph am Missouri a gestuerwen den 10. September 2007 zu Palm Springs, war eng US-amerikanesch Schauspillerin.

Jane Wyman
Gebuertsnumm Sarah Jane Mayfield
Gebuer 5. Januar 1917
Saint Joseph
Gestuerwen 10. September 2007
Palm Springs
Doudesursaach Arthrit
Nationalitéit USA
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Schauspiller, Charakterschauspiller, Sänger, Discographesche Kënschtler
Partei Republikanesch Partei
Famill
Bestuet mat Ronald Reagan


D'Jane Wyman am Virspill vu "Stage Fright" vum Alfred Hitchcock

Si huet hir Filmcarrière 1932 ugefaangen. Tëscht 1940 an 1948 war si mam Schauspiller a spéideren US-President Ronald Reagan bestuet. Aus deem Bestietnes hate si ee Meedchen, d'Maureen (1941-2001), déi och Schauspillerin a Sängerin war.

D'Jane Wyman war am Ganze fënnefmol bestuet, dovun zweemol mat dem Fred Karger.

Wéi si am Ufank zu Hollywood war krut si nëmme kleng Rollen a Filmer. Fir sech iwwer Waasser ze hale huet se Manicure gemaach an als Standardistin geschafft. A Radiosshowe huet si ënner dem Numm Jane Durell gesongen.

Den Duerchbroch als grouss Schauspillerin koum mam Film The Lost Weekend vum Billy Wilder am Joer 1945. En Oscar huet si sech am Film Johnny Bellinda vum Jean Negulesco verdéngt. Si hat soss nach Engagementer a Filmer vum Frank Capra, Raoul Walsh, Alfred Hitchcock an Douglas Sirk.

Zum Schluss vun hirer Carrière huet si an der Televisiounsserie Falcon Crest gespillt.

Filmographie änneren

Kino (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jane Wyman – Biller, Videoen oder Audiodateien