Jana Novotná

tschechesch Tennisspillerin
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


D'Jana Novotná, gebuer den 2. Oktober 1968 zu Brno, an der Tschechoslowakei a gestuerwen den 19. November 2017[1] an Tschechien war eng tschechesch Tennisspillerin

Jana Novotná
Gebuer 2. Oktober 1968
Brno
Gestuerwen 19. November 2017
Tschechesch Republik
Doudesursaach Eeërstackkriibs
Nationalitéit Tschechesch Republik, Tschechoslowakei, USA
Aktivitéit Tennisspiller, Trainer
Gréisst 175 Zentimeter
Gewiicht 63 kg
Spillhand Rietshänner

An hirer 14 Joer laanger Carrière huet se 100 WTA-Titele gewonnen, 76 dovun am Dubbel, wou s'an der Weltranglëscht och op Plaz 1 stoung. Si konnt 12 Grand-Slam-Titelen am Dubbel gewannen an huet laang Zäit zesumme mat der Martina Hingis gespillt. An der Tennis-Weltranglëscht am Eenzel war hire beschte Ranking d'Plaz 2.

Si huet ausserdeem dräi Medailen op den Olympesche Spiller gewonnen a stoung zweemol an der Wimbledon-Finall, ier se deen Tournoi 1998 géint d'Nathalie Tauziat gewonnen huet.

1991 an 1992 huet d'Jana Novotná den Tennistournoi op der Kockelscheier gewonnen.

Kuckt och änneren

Commons: Jana Novotná – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Die Tenniswelt trauert um Jana Novotna op wort.lu den 20. November 2017