James Watt

schotteschen Ingenieur an Erfinder

Den James Watt, gebuer den 19. Januarjul./ 30. Januar 1736greg. 1736 zu Greenock/Strathclyde a gestuerwen den 19. August 1819 zu Heathfield/Birmingham, war e schotteschen Ingenieur an Erfinder.

James Watt
Gebuer 19. Januar 1736
Gestuerwen 25. August 1819
Nationalitéit Schottland
Educatioun Universtéit vu Glasgow
Aktivitéit Ingenieur, Chimist, Physiker, Erfinder, Entreprener, Mathematiker, Techniker
Member vun Royal Society, Académie des sciences, Royal Society of Edinburgh

Zesumme mat dem Matthew Boulton huet den James Watt, deen eng Ausbildung als Feinmechaniker hat, 1775 d'Grënnung vun enger Dampmaschinnefabrick zu Soho bei Birmingham preparéiert. An dëser Fabrick gouf déi zanter 1765 vum Watt weiderentwéckelt atmosphäresch Dampmaschinn vum Newcomen an ëmmer méi neie Versioune gebaut. Amplaz vum Atmosphärendrock huet den James Watt den Dampdrock benotzt. Hien huet, mat Hëllef vun engem Kuerbel- a Schwongrad, déi zweedimensional Beweegung an eng besser notzbar Dréibeweegung ëmgewandelt.

Zu Éiere vum James Watt gouf d'Eenheet vun der Leeschtung am internationalen Eenheetesystem, Watt genannt.

Um Spaweck änneren

Commons: James Watt – Biller, Videoen oder Audiodateien