James Clerk Maxwell Telescope

D'James Clerk Maxwell Telescope (JCMT) ass e Radioteleskop fir Wellelängte am Submillimeterberäich mat enger Empfangsantenn vu 15 Meter am Mauna-Kea-Observatoire zu Hawaii. Et ass dat weltgréisst Radioteleskop, wat op dësem Wellelängtenberäich spezialiséiert ass.[1] Et gëtt fir Ënnersich vun eisem Sonnesystem, der interstellarer Matière, souwéi fir wäit Galaxië gebraucht.

De JCMT Radioteleskop, an der Mëtt tëscht dem Caltech Submillimeter Observatory an dem Betribsgebai vum Submillimeter Array
Récksäit vum 15 Meter grousse Parabolreflekter, d'Stëtzverstriewunge sinn däitlech z'erkennen

Den JCMT ass duerch eng Kooperatioun tëscht Groussbritannien, Kanada an Holland entstanen. Et krut säin Numm zu Éiere vum James Clerk Maxwell. De Betrib gouf vum Joint Astronomy Centre gesteiert. An Zesummenaarbecht mam Caltech Submillimeter Observatory gouf fir d'alleréischt e Submillimeter-Interferometer geschaafen. Dat erfollegräicht Experiment huet de Grondstee fir d'Submillimeter Array an den Atacama Large Millimeter Array-Interferometer geluecht.

Am Mäerz 2015 gouf de Betrib vum East Asian Observatory iwwerholl an och gesteiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. W.S. Holland et al, SCUBA: a common-user submillimetre camera operating on the James Clerk Maxwell Telescope, Monthly Notices of the Royal Astronomical Society: Letters Volume 303 Issue 4, Pages 659 - 672, 2002