Jakob Friedrich Ehrhart

De Jakob Friedrich Ehrhart, gebuer de 4. November 1742 zu Holderbank AG, an der Schwäiz, a gestuerwen de 26. Juni 1795 zu Hannover, war e Schwäizer Apdikter a Botaniker, deen an Däitschland geschafft huet. Säin offizielle Kuerznumm fir Botaniker ass Ehrh..

Jakob Friedrich Ehrhart
Gebuer 4. November 1742
Gestuerwen 26. Juni 1795
Hannover
Nationalitéit Schwäiz
Aktivitéit Botaniker, Pteridolog, Mykolog, Apdikter

Den Ehrhart war vu 1773 bis 1776 zu Uppsala, wou hie beim Carl von Linné a sengem Jong, dem Carl von Linné Jr., geléiert huet. Vu 1780 - 1783 ass hien am Optrag vun der Regierung duerch d'Kurfürstentum Hannover gereest, fir botanesch Studien ze maachen, a gouf duerno Chef vun den Herrenhäuser Gärten zu Herrenhausen bei Hannover.

Éierentaxon änneren

Fir hien ze éieren, krut d'Planzegattung Ehrharta aus der Famill vun de Séissgrieser 1779 vum Carl Peter Thunberg säin Numm.

Wierker änneren

  • Chloris hanoverana, 1776
  • Supplementum systematis vegetabilium, generum et specierum plantarum, 1781
  • Beiträge zur Naturkunde, und den damit verwandten Wissenschaften, besonders der Botanik, Chemie, Haus- und Landwirthschaft, Arzneigelahrtheit und Apothekerkunst, 7 Bänn, 1787 bis 1792

Um Spaweck änneren

Commons: Jakob Friedrich Ehrhart – Biller, Videoen oder Audiodateien