Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Manager an Administrateur vun RTL Jacques Rigaud. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Jacques Rigaud.

De Jacques Rigaud, gebuer den 2. Februar 1932 zu Paräis, a gestuerwen de 7. Dezember 2012[1], war en héije franséische Beamten, Professer, Manager an Auteur, dee vun 1979 bis 1998 als Administrateur-délégué RTL geleet huet.

Jacques Rigaud
Gebuer 2. Februar 1932
Paräis
Gestuerwen 6. Dezember 2012
14. Arrondissement
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Institut d'études politiques de Paris,
École nationale d'administration
Aktivitéit Héije Fonctionnaire, Kulturwëssenschaftler, Publizist

Biographie änneren

De Jacques Rigaud ass en Diploméierte vun der Ecole nationale d'administration (ENA). Hien huet uschléissend am Conseil d'État zu Paräis seng Carrière ugefaangen. Hien hat och eng ganz Rei aner administrativ Funktiounen, ënner anerem am Cabinet vum Minister Pierre Sudreau, an als Cabinetschef vum Jacques Duhamel, deen den Agrar- an duerno de Kulturportefeuille ënner dem Georges Pompidou hat. Vun 1975-1978 war hien och stellvertriedende Generaldirekter bei der UNESCO. 1979 huet hien eng Nominatioun als Administrateur-délégué bei RTL ugeholl, eng Funktioun, déi hien 20 Joer laang hat. Donieft hat en nach en ettlech aner Funktiounen an Organisatiounen an Entreprisen.

Publikatiounen änneren

  • de Jacques Rigaud ass den Auteur vu ville Schrëfte vun deenen déi meescht hei erausgegraff sinn:
    • Débat sur la France de demain, Julliard, 1961
    • La Culture pour vivre, Gallimard, Idées, 1975
    • Les Relations culturelles extérieures, La Documentation française, 1980
    • Miroir des mots Robert Laffont, 1991
    • Les Institutions administratives françaises (en coll., 2 tomes), Presses de Sciences Po, 1984-1986
    • Libre culture, Gallimard, 1990
    • Le Bénéfice de l'âge, Grasset et Fasquelle, 1993 et Livre de Poche, 2002 (prix des Quatre saisons 1994)
    • L'Exception culturelle - Culture et pouvoirs sous la Ve République, Grasset et Fasquelle, 1995
    • Pour une refondation de la politique culturelle, La Documentation française, 1996
    • Un balcon sur le Temps, Grasset et Fasquelle, 1999
    • Place de la culture: Le relais culturel d'Aix-en-Provence 1970-1976, Charles Nugue, Gut & Mac, 2001. (Préface)
    • Pierre Sudreau: Un homme libre, Christiane Rimbaud, Le Cherche Midi, 2004. (Préface)
    • Vivre à propos, Grasset et Fasquelle, 2005
    • Note du CAS, N° 7, mars 2007: Art et société: Renforcer les liens sociaux par les arts, La Documentation française, 2007
    • Les Deniers du rêve: essai sur l'avenir des politiques culturelles, Grasset, 2001
    • Le Prince au miroir des médias: Machiavel (1513-2007), Arléa, 2007
    • Les âges de la vie, éd. de l'Aube, 2008

Gielchen änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. "Doud vum Jacques Rigaud, 20 Joer laang President vun RTL." RTL.lu - 07.12.2012, 12:18 | Fir d'lescht aktualiséiert: 07.12.2012, 12:31.
  2. Rapport d'activité 2000 vum Ministère d'Etat S. 80