Jacques Navadic

franséische Journalist
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Jacques Navadic, gebuer den 3. Januar 1920 zu Lille a gestuerwen den 2. August 2015 zu Nice[1], war e franséische Journalist.

Jacques Navadic
Gebuertsnumm Jacques Louis Navadic
Gebuer 3. Januar 1920
Lille
Gestuerwen 4. August 2015
Nice
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Journalist

Hie war vun 1955 u Chefredakter bei RTL a vun 1975 bis 1985 Direkter vun RTL-Télévision. Hien huet als Noriichtespriecher, zesumme mam Robert Diligent, e wäertvolle Pionéierbäitrag zur Entwécklung vun dëser Televisiounsstatioun geleescht.

Hie war 50 Joer laang an der Televisioun aktiv an huet bis an d'1980er Jore geschafft, ier e sech zur Rou gesat huet.

Hien huet säi Liewensowend zu Nice bei senger Duechter Michèle verbruecht, déi och an der Televisiounsbranche aktiv ass.

Publikatiounen a Filmer änneren

  • Navadic, Jacques: La visite de Monsieur le Président René Coty à Luxembourg, 1957, (Dokumentarfilm)
  • Navadic, Jacques mat aneren: Jean de Luxembourg, 1964, (Dokumentarfilm)
  • Navadic, Jacques: RTL-Télévision c'est nous, Buch, 1975

Referenzen änneren

  1. Annonce vum Jacques Navadic op www.lequotidien.lu