De Jacques I. (biergerlech: Jean-Jacques Dessalines) gebuer ëm 1760 am haitege Ghana a gestuerwen de 17. Oktober 1806, war vun 1804 bis 1806 Keeser vun Haiti.

Jacques I.
Gebuer 20. September 1758
Gestuerwen 17. Oktober 1806
Port-au-Prince
Nationalitéit Haiti
Aktivitéit Politiker

De Jean-Jacques Dessalines war e fréiere Sklav an hie war op der Côte-de l'Or am haitege Ghana a Westafrika op d'Welt komm. Wéi et géint Enn vum 18. Joerhonnert ëmmer erëm zu Opstänn géint d'Kolonialmuecht Frankräich koum, huet den Dessalines 1804 d'Onofhängegkeet proklaméiert a sech selwer zum Keeser ernannt.

Hien ass dat awer net laang bliwwen. De 17. Oktober 1806 gouf de Keeser am Optrag vum Henri Christophe ermuert, an deen huet sech duerno selwer zum President an 1811 zum Kinnek ausruffe gelooss.

Déi Ermuerdung huet awer ee Biergerkrich mat sech gezunn tëscht der kreolescher an der afrikanescher Bevëlkerung, soudatt Haiti an ee südlechen an ee nërdlechen Deel zerfall ass.

Déi haitianesch Nationalhymne La Dessalinienne ass no him benannt an och d'Stad an den Arrondissement Dessalines.

Um Spaweck änneren