Jacques Gallé

lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker


De Jean François Jacques Gallé, gebuer den 10. Abrëll 1875 zu Bouneweg a gestuerwen den 28. Mäerz 1945 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Ingenieur (Geometer) op der Eisebunn a Politiker.[1]

Jacques Gallé
Gebuer 10. Abrëll 1875
Bouneweg
Gestuerwen 28. Mäerz 1945
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Radikal-Liberal Partei

Hie gouf bei de partielle Chamberwale vum 28. Mee 1922 als Deputéierte vun der Radikal-Liberaler Partei an d'Chamber gewielt. Hie gouf bei de Chamberwale vum 1. Mäerz 1925, dës kéier fir d'Vereenegt Lénk, erëmgewielt.

Gielchen änneren

Referenzen änneren

  1. De Jean François Jacques Gallé op www.deltgen.com
  2. Memorial A N° 5 vun 1935 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  3. Chronique locale - Distinctions an 'l'indépendance luxemboiurgeoise' vum 25. Januar 1929 op der Säit 2 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 5. Januar 2023