Jacques Collin de Plancy

franséische Libraire, Editeur a Schrëftsteller

De Jacques Albin[1] Simon Collin de Plancy, gebuer zu Plancy (haut: Plancy-l'Abbaye) an der Aube (Frankräich), – den 30. Januar 1794 laut Senninger (1976) an Delmas (2010)[2], den 28. Januar 1793 laut anere Quellen[3] –, gestuerwen zu Paräis, – den 13. Januar 1881 laut Delmas (2010)[4], de 26. Januar 1881 laut verschiddenen Zeitunge vun deemools[5] –, war e franséische Libraire, Editeur a Schrëftsteller.[6]

Jacques Collin de Plancy
Gebuer 30. Januar 1794
Plancy-l'Abbaye
Gestuerwen 13. Januar 1881
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller
Titelsäit vum J. Collin de Plancy sengem Wierk Légendes des artistes (1842)

De Jacques Collin de Plancy war de Fils vum Edmé-Aubin Collin, "fabricant de bas", a vun der Marie-Anne Danton. Säi richtegen Numm war also einfach Jacques Collin. Hien huet méi spéit säi Familljennumm anobléiert andeems en den Numm vu sengem Gebuertsuert mat der Particule "de" drugehaangen huet.[6]

De Collin de Plancy, deen eng ganz Rëtsch vu Bicher, deelweis an e puer Editiounen, publizéiert huet, ass besonnesch bekannt fir säin Dictionnaire infernal, deem seng éischt Editioun 1818 erauskomm ass. Aus Lëtzebuerger Siicht ass säi Buch Légendes des artistes (1842) ervirzehiewen, well doran d'Legend vum Laange Väit erzielt gëtt.[7] Den Titel vun der drëtter Editioun, Le Ménétrier d'Echternach et quelques autres légendes d'artistes (1853), weist méi explizit dorophin.

De Jacques Collin huet eng Hellewull vu Pseudonymme benotzt, z. B. Paul Béranger, le R. P. Coquelardon, Jacques de Saint-Albin, Jean de Sept-Chênes, le Neveu de mon oncle, baron Jacques de Nilinse, etc.[8]

Am Ufank vu senger publizistescher Carrière war hie ganz kloer antiklerikal agestallt a vun der Philosophie vun der Opklärung ageholl, wat mat sech bruecht huet, datt seng Wierker 1827 vun der kathoulescher Kierch op den Index gesat gi sinn. Am Laf vun den 1830er Jore fänkt hien awer un, dës Haltung a Fro ze stellen an 1841 bekennt hie sech ëffentlech zu der kathoulescher Relioun.[6] Déi drëtt Editioun vu sengem Dictionnaire infernal (1844) ass och deementspriechend mat der Approbatioun vum Äerzbëschof vu Paräis erauskomm.

Ëm 1815 hat de Collin de Plancy eng vu senge Kusinnen, d'Clotilde Marie Paban, bestuet. Si huet sech ënner dem Pseudonym Marie d'Heures en Numm als Schrëftstellerin gemaach.[9]

Aus engem zweete Mariage hat hien e Fils, de Victor Collin de Plancy (1853-1922), deen eng Carrière als Diplomat gemaach, awer och Artikelen iwwer Insekten a Reptilien, déi a Frankräich virkommen, publizéiert huet.[10]

Wierker (kleng Auswiel) änneren

  • 1818: Dictionnaire infernal ou recherches et anecdotes sur les démons, les esprits, les fantômes, les spectres, les revenants, les loups-garoux... en un mot, sur tout ce qui tient aux apparitions, à la magie, au commerce de l'Enfer, aux divinations, aux sciences secrètes, aux superstitions, aux choses mystérieuses et surnaturelles etc.
    Tome premier. P. Mongie aîné, Paris, XLVIII, 390 S. [12]
    Tome Second. P. Mongie aîné, Paris, 404 S. [13]
  • 1842: Légendes des artistes. J. W. Ten Hagen, La Haye, VIII, 216 S. [14]
  • 1844: Dictionnaire infernal ou Répertoire universel des êtres, des personnages, des livres, des faits et des choses qui tiennent aux apparitions, à la magie, au commerce de l'enfer, aux démons, aux sorciers, aux sciences occultes, etc. 3° édition, entièrement refondue, augmentée de 250 articles nouveaux, approuvée par Monseigneur l'Archevêque de Paris. P. Mellier, Paris, et Guyot, Lyon, 582 S. [15]
  • 1853: Le Ménétrier d'Echternach et quelques autres légendes d'artistes. 5e édition. Société de Saint-Victor, Paris, 239 S. [16]

Literatur änneren

  • Vinot, G., 1885-1902. Collin de Plancy (Jacques-Albien [sic!]-Simon Collin, dit). In: La grande encyclopédie: inventaire raisonné des sciences, des lettres et des arts. Tome 11: Chien - Comédie. H. Lamirault, Paris, S. 794. [17]
  • Delmas, M. C., 2010. Présentation. In: Jacques Collin de Plancy: Le Dictionnaire infernal ou Recherches et anecdotes sur tout ce qui tient aux apparitions. Présentation de Marie-Charlotte Delmas. Éditions Fetjaine, S. 5-13.
  • Senninger, L., 1976. Der Geiger von Echternach. Die Sage vom Geiger von Echternach kritisch untersucht. In: Bulletin linguistique, ethnologique et toponymique, Luxembourg, fasc. 20, S. 11-48 (J. Collin de Plancy: S. 18-36).
  • Wilhelm, F., 1998. Echternach vu par des écrivains francophones. In: Nos Cahiers, 19 (2-3): 117-248 (Jacques Collin de Plancy: S. 151-154).

Referenzen änneren

  1. Amplaz Albin fënnt een an dëse Wierker de Virnumm Auguste:
    La France littéraire: ou Dictionnaire bibliographique des savants, historiens et gens de lettres de la France, etc. Par Joseph Marie Quérard. Tome second. Firmin Didot, Paris 1828, S. 249. [1]
    Dictionnaire des hommes de lettres, des savans, et des artistes de la Belgique. Vandermaelen, Bruxelles 1837, S. 24. [2]
    Kuckt och: Agence bibliographique de l'enseignement supérieur: Collin de Plancy, Jacques Auguste Simon (1794-1881). [3], download 2001-08-19.
    An den aktuelle Kataloge vun de groussen Nationalbibliothéike steet Albin an net Auguste.
  2. Senninger 1976, S. 19 ; Delmas 2010, S. 6.
  3. La France littéraire: ou Dictionnaire bibliographique des savants, historiens et gens de lettres de la France, etc. Par Joseph Marie Quérard. Tome second. Firmin Didot, Paris 1828, S. 249. [4]
    Dictionnaire des hommes de lettres, des savans, et des artistes de la Belgique. Vandermaelen, Bruxelles 1837, S. 24. [5]
  4. Delmas 2010, S. 12.
  5. La Presse, 1881/01/27, No. 26, S. 1: Un publiciste assez oublié, M. Collin de Plancy, est mort, hier, à Paris, à l'âge de quatre-vingt-huit ans. [6]
    Le Temps, 1881/01/26, No. 7219, S. 3: M. Collin de Plancy vient de mourir à Paris à l'âge de quatre-vingt-huit ans. [7]
    Dat kloer falscht Doudesjoer 1887 fënnt een ë. a. op der Internetsäit Origines et biographie de Victor Collin de Plancy (1853-1922), [8] download 2011-08-19.
  6. 6,0 6,1 6,2 Delmas 2010.
  7. Cf. Wilhelm 1998.
  8. Georges d'Heylli (pseudonyme d'Edmond Antoine Poinsot), 1887. Dictionnaire des pseudonymes. Nouvelle édition. Dentu, Paris, S. 86. [9]
    Agence bibliographique de l'enseignement supérieur: Collin de Plancy, Jacques Auguste Simon (1794-1881). [10]
  9. Vinot 1885-1902.
  10. Origines et biographie de Victor Collin de Plancy (1853-1922), [11], download 2011-08-19.

Op dem Spaweck änneren