Jérôme Bigard

lëtzebuergesche Foussballspiller

De Jérôme Bigard, gebuer de 16. Februar 1985, ass e lëtzebuergesche Foussballspiller[1] an -trainer.

Jérôme Bigard
Gebuer 16. Februar 1985
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ofwierspiller
Veräin/Ekipp FC UNA Stroossen,
Union Lëtzebuerg,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
F91 Diddeleng,
Racing FC Union Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 7. Februar an dem 12. September 2007 huet de Jérôme Bigard aachtmol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt[2].

Hien huet vun 2002 bis 2005 bei der Union Lëtzebuerg gespillt a war duerno bis 2006 bei deem neie Veräin Racing FC Union Lëtzebuerg. Vun 2006 bis 2009 war hie bei F91 Diddeleng an ass duerno nees zeréck bei de Racing FC Union Lëtzebuerg gaangen. No enger Saison ass hien 2010 bei den FC UNA Stroossen gewiesselt[3].

An der Wanterpaus vun der Saison 2015/16 ass hie bei den FC Luerenzweiler gewiesselt, wou hie bis zum Enn vun der Saison 2017/18 als Spillertrainer aktiv war[4].

Referenzen änneren

  1. De Jérôme Bigard op Football Database.eu
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jérôme Bigard op European Football
  3. De Jérôme Bigard op der Websäit vun National Football Teams
  4. Facebooksäit vum FC Luerenzweiler. Gekuckt de(n) 30. November 2015.