D'Jéine sinn en eegestännegt Vollek mat eegener Sprooch (Jéinesch), Kultur a Geschicht, déi haaptsächlech an Däitschland (Jenische), der Schwäiz (Fecker, Kessler, Spengler), Éisträich (Karrner, Dörcher, Laninger) a Frankräich (yéniche), awer och zu Lëtzebuerg, an der Belsch, an Holland, Italien, England (Yenish) a vereenzelt an anere Länner liewen. Si ginn dacks mat de Roma verwiesselt. Hir Originne sinn net kloer. Verschidden Deeler vun der jéinescher Sprooch weisen op eng ganz laang Geschicht hin. Eng wäitverbreet Theorie deit drophin, datt d'Jéinen eng Volleksgrupp mat eegener Sprooch sinn, déi wärend de Bauerekricher (1520 - 1525) aus der Schwäiz ausgewandert sinn. Warscheinlech geet hir Geschicht méi wäit zeréck.

Jéinen am Mëttelalter, Kofferstéch aus dem 15. Joerhonnert

Wéi gesot, et ass net kloer vu wou datt d'Jéine stamen an et bestinn op d'mannst 5 verschidden Theorien:

  • D'Jéinen hätte sech am Laf vum Drëssegjärege Krich aus Randgruppen zesummefonnt.
  • Si wieren eng Splittergrupp aus Verbindunge vu Roma a Sinti.
  • Si wieren d'Nokomme vun de kelteschen Helvetier, déi och Nomade waren.
  • Si wieren Nokommen aus dem Stamm vun de wäissen Zigeiner aus Nordwestindien
  • Et gëtt ugeholl datt d'Jéinen aus dem héijen Norde stamen a sech lues a lues iwwer ganz Europa verdeelt hunn. Vill haiteg Jéinen hate Grousselteren déi z. B. an Dänemark gebuer goufen.

Onkloer ass och de Begrëff jéinesch. E staamt vläicht vum indogermaneschen "Janah" of, wat den Ageweite bedeit. Déi meescht Jéinen iwwersetzen et mat "gescheit, schlau, wëssend".

Deelweis gi s'als wäiss Zigeiner ugesi well s'am Géigesaz zu de Roma, eng hell Hautfaarf hunn. Datt et iwwerhaapt zu engem Verglach mat de Roma koum, läit dorun datt d'Jéinen, als Randgrupp vun der Gesellschaft, dacks déi selwecht Beruffer (Schéierschlëffer, Kierfmécher, Hauséirer, Schrott- an Antiquitéitenhändler an Artisten) haten an datt se Nomade waren. Haut sinn déi meescht Jéinen an Europa hallef oder ganz sesshaft. An der Schwäiz gëtt et 50.000 Jéinen, wouvun der 3.500 ëmmer op der "Rees" sinn (sans domicile fixe). An Däitschland liewen 200.000 Jéinen, (déi meescht a Bayern, Saarland a Baden-Württemberg), 29.000 dovu sinn net sesshaft. An Éisträich (haaptsächlech am Mühlviertel, Waldviertel an am Burgenland) ginn der 35.000 geschat, 3.500 als ganzjährig ënnerwee. Fir Lëtzebuerg an déi aner europäesch Länner gëtt et keng Donnéeën.

Obschonn datt d'Rassentheoretiker vum Nationalsozialismus behaapt hunn, d'Jéine wieren ethnesch net Famill mat de Roma an de Sinti, sinn s'als Zigeunermischlinge an Asozialer verfollegt, a Konzentratiounslageren deportéiert an dacks ermuert ginn.

Virun allem an der Schwäiz ass d'Geschicht vun de Jéinen e vill diskutéiert Theema. Schliisslech sinn hei am Zäitraum vu den 1920er bis 1970er Jore jéinesch Kanner (~ 1.000) zwangsweis vun den Eltere getrennt an an Anstalten oder bei Fleegefamillen ënnerbruecht ginn fir d'Jéinescht ze bekämpfen a s'am Sënn vum Staat ze disziplinéieren (Stëftung Pro Juventute oder Hilfswerk für die Kinder der Landstrasse). Vill Jéine si souguer zwangssteriliséiert ginn. D'jéinesch Schrëftstellerin Mariella Mehr huet e puer Bicher zu deem Theema geschriwwen.

Haut gëllen d'Jéinen an der Schwäiz als national Minoritéit an an Éisträich als Volleksgrupp. Änlech Gruppe gëtt et och an anere Länner, wéi z. B. d'Quinqui a Spuenien, déi ethnesch mat de Jéine Famill sinn an d'Tinker an Irland, déi hinne soziologesch gläichen.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Jéiner – Biller, Videoen oder Audiodateien