Jáchymov (fréieren däitschen Numm: Sankt Joachimsthal) ass eng Stiedchen an der tschechescher Regioun Karlovy Vary, an den Äerzbierger (de: Erzgebirge; cz: Krušné hory), no bei der däitscher Grenz.

D'Stadhaus vu Jáchymov

Am 16. Joerhonnert gouf do an der Ëmgéigend Sëlwer fonnt, wat der Stad an der Adelsfamill Schlick jett Räichtum bruecht huet. D'Mënzen, déi aus deem Sëlwer geschloe goufen, si "Joachimstaler" genannt ginn; sou krut den Daler (sou wéi och den Dollar an de sloweeneschen Tolar) säin Numm.

1873 ass Joachimsthal/Jáchymov bal ganz ofgebrannt.

Och aner Metaller goufe vum 19. Joerhonnert un do ofgebaut, dorënner Néckel, Bismut an Uran. Et war d'Uranäerz vu Joachimsthal, an deem Marie Curie de Radium entdeckt huet, wat hir mat hirem Mann Pierre den Nobelpräis abruecht huet.

Nom Éischte Weltkrich an dem Zerfall vun der Habsburg-Monarchie gouf St. Joachimsthal tschechoslowakesch a krut säin tschecheschen Numm. Tëscht 1938 an 1945 huet et zum Däitsche Räich gehéiert.

An den 1950er an ufanks vun den 1960er Joren, war do vum kommunistesche Regime e Gefaangelager fir politesch Prisonéier ageriicht. Déi hu missen an den Urangrouwe schaffen, an haten eng duerchschnëttlech Liewenserwaardung vu knapps 42 Joer.

Direkt nieft dem Stadhaus ass e Musée, deen d'Biergbaugeschicht an och déi vum Lager fir politesch Gefaangen erkläert.

Jáchymov ass e Kurbad. D'Waasser enthält Radium an ass liicht radioaktiv.

No bei Jáchymov leien ë. a. de Klinovec, den héchste Bierg vum Erzgebirge, an de Plesivec (Plessberg).

Um Spaweck änneren

Commons: Jáchymov – Biller, Videoen oder Audiodateien