Izar (arab. إزار izār "Ëmhang"), och Pulcherrima (lat. déi Schéinst), ass den Numm vum Stär ε Bootis am Bootes.

Izar am Bootes

Den Izar ass en Duebelstär. E besteet aus engem orangeroude Stär mat enger visueller Magnitude vu +2,70m an engem bloe Stär mat der Hellegkeet vu +5,1m.

Wéinst dem kuerzen Ofstand vun 2,8 Bousekonnen, verbonne mat engem groussen Hellegkeetsënnerscheed vu béide Komponenten ass zur Trennung en Teleskop vu 75 mm Ëffnung néideg. De Positiounswénkel vum Begleeder huet 340 Grad. Den Izar ass zirka 210 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Aner Nimm sinn: Mizar, Mirak, Mirach a Pulcherrima.

Koordinate fir d'Equinoxe J2000.0:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie