Iwwer an eriwwer

Film vun der Geneviève Mersch

Iwwer an eriwwer ass e lëtzebuergeschen Documentaire vun der Geneviève Mersch. De franséischen Numm vum Film war Au milieu coule la rivière.[3]

Iwwer an eriwwer
Film
Produktiounsjoer 1996[1]
Première 1997
Dauer 35 min
Originalsprooch Lëtzebuergesch, Däitsch
Ekipp
Regie Geneviève Mersch
Dréibuch Geneviève Mersch
Musek Jeannot Sanavia[2]
Produktiouns-
gesellschaft
CNA
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film? änneren

Am Film geet et ëm d'Awunner vun Eesbech, vun deenen een Deel op der lëtzebuergescher Säit an een Deel op der däitscher Säit wunnt, a méi speziell ëm den Impakt, deen den Zweete Weltkrich op d'Liewe vun den Awunner hat.[3]

Soss änneren

D'Geneviève Mersch huet d'Dréiaarbechten als "Cauchemar" bezeechent, well hir Interviewpartner op bestëmmte kritesch Froen net wollten äntweren. Si sot: "E puer Leit hunn sech fräiwëlleg an d'Wehrmacht gemellt. Hir Zuel a Motivatioun konnten nach net gekläert ginn."[4]

D'Première vum Film war am Utopolis, zesumme mam Documentaire Call Her Madam vum Paul Lesch.[1]

Iwwer an eriwwer gouf och op der Woch vum Lëtzebuerger Dokumentarfilm gewisen, déi 1998 vu Samsa Film an dem CNA organiséiert gouf.[5]

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 Rapport d'activité du Ministère de la culture 1997, Mäerz 1998, Säit
  2. De Film op der Websäit vum Jeannot Sanavia
  3. 3,0 3,1 cinergie.be: J'ai toujours voulu être une sainte de Geneviève Mersch (1. Oktober 2002)
  4. woxx.lu: DOKUMENTÄR: Déi laang Nuecht (10. September 2004)
  5. Rapport d'activité du Ministère de la culture 1998, Mäerz 1999, Säit 193