Ivy Mike

Waasserstoffbomm

Ivy Mike ass de Codenumm vun der éischter erfollegräicher Waasserstoffbomm.

De Champignon vum Ivy Mike.

Et war eng amerikanesch Waff mat enger Sprengkraaft vun 10,4 Megatonnen (Hiroshima-Bomm: 12,5 Kilotonnen). D'Bomm gouf den 1. November 1952 um Eniwetok-Atoll gezünt.

D'Bomm huet zu der Operatioun Ivy gehéiert a gouf virun der Bomm Ivy King gezünt.

D'Explosioun war déi deemools gréissten Explosioun déi jee vu Mënsche gemaach gouf. D'Explosioun war awer nëmmen e Brochdeel sou grouss wéi d'Explosioun vun der Zar-Bomm, déi den 30. Oktober 1961 vun de Russe gezünt gouf.

D'Bomm änneren

D'Ivy Mike war 6,19 Meter héich an hat en Duerchmiesser vun 2,03 Meter. Se hat e Gewiicht vun 82 Tonnen.

Um Spaweck änneren

Commons: Ivy Mike – Biller, Videoen oder Audiodateien