Ivan Boumans

spuenesch–lëtzebuergesche Komponist, Museker a Dirigent

Den Ivan Boumans, gebuer den 12. November 1983 zu Madrid, ass e spuenesch-lëtzebuergesche Museker, Komponist, Dirigent a Professer.

Ivan Boumans
Gebuer 12. November 1983
Madrid
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Paräisser Conservatoire,
Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Professer, Dirigent

Liewen a Studium änneren

De Boumans huet a Spuenien, der Heemecht vu senger Mamm, ugefaange Musek ze léieren, am Ufank zu Valverde del Jucar an duerno an enger privater Museksschoul zu Cuenca.

1998 koum hien op Lëtzebuerg, d'Heemecht vu sengem Papp, wou hien nach weider am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg Musek studéiert huet (Kompositioun, Orchester Direktioun, Harmonie, Piano, Klarinette, Museksgeschicht, Uergel, Pedagogie,... ë. a.)

Vun 2006 bis 2011 huet hien zu Paräis, um Conservatoire national supérieur de musique et de danse de Paris studéiert wou hien e Master Diplom am Musekschreiwe gemaach huet.

Kompositiounen änneren

Säi Kompositiounskatalog huet méi wéi honnertfofzeg Titelen, mat Wierker déi vu sinfonesch bis op Solo Repertoire ginn. Vill vun deene Kompositioune sinn Optragswierker a goufe vu besonneschen Ensembelen zu Lëtzebuerg an am Ausland opgefouert.

E puer vu senge Wierker goufen op CD opgeholl a si bei Internationale Verlagshaiser disponibel.

Aner Aktivitéiten änneren

Hien ass Professer fir Museksteorie am Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, an och als Freelance-Komponist an Dirigent aktiv

Präisser änneren

Am Januar 2020 krut hien de Kompositiounspräis vun der International Classical Music Awards Associatioun.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren