Itokawa Hideo

japanesch Rakéitentechniker

Den Itokawa Hideo (japanesch: 糸川 英夫), gebuer den 20. Juli 1912 zu Tokio a gestuerwen den 21. Februar 1999 war e Pionéier vun der japanescher Rakéitentechnik a vum japanesche Raumfaartprogramm. A Japan war hie bekannt als Dr. Rocket.

Itokawa Hideo
Gebuer 20. Juli 1912
Tokio
Gestuerwen 21. Februar 1999
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Ingenieur, Universitéitsprofesser

Den Itokawa war héich intelligent an hat ettlech Schoulklassen iwwersprongen. 1935 hat hien e Studium iwwer Loftfaarttechnik op der Keeserlecher Universitéit Tokio ofgeschloss. 1941 gouf hien do Dozent.

Wärend dem Zweete Weltkrich huet hie Fliger bei der Nakajima Hikōki konstruéiert. Hien hat de Juegdfliger Nakajima Ki-43 Hayabusa entwéckelt.

1948 gouf hien zum Professer op der Universitéit Tokio ernannt. Am Joer 1967 goung hien an d'Pensioun an huet en eegent Institut gegrënnt.

D'Interessi vum Itokawa war wäit gefächert. Hien huet sech a ville Beräicher agesat, wéi beim Sport, der Philosophie, der Musek (hien huet ë. a. Cello, Uergel, Gei, Taishokin (eng Aart Xylophon gespillt) an huet Stécker fir Orchester arrangéiert. Dernieft huet hie sech och als Schrëftsteller beschäftegt. Hien hat 49 Bicher geschriwwen, vun deenen der en ettlech Bestseller goufen.

Zu sengen Éiere gouf den Asteroid (25143), deen d'Zil vun der Raumsond Hayabusa war, Itokawa genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Itokawa Hideo – Biller, Videoen oder Audiodateien