Issoudun

franséisch Gemeng

Issoudun ass eng franséisch Gemeng a Stad am Departement Indre an der Regioun Centre. Issoudun läit am Dall vum Floss Théols

Issoudun
D'Stadhaus

D'Stadhaus
D'Stadhaus
Land Frankräich
Regioun Centre-Val de Loire
Departement Indre
Arrondissement Issoudun
Kanton Issoudun
Postcode 36100
Gemengecode 36088
Koordinaten 46° 57’ 39’’ N
      01° 59’ 40’’ O
Fläch  3 660 ha
Bevëlkerung  13 685 (1999)

Als Haaptuert vun engem Arrondissement, matzen an enger landwirtschaftlecher Géigend ass Issoudun en ekonomeschen an touristeschen Zentrum vum Berry. Et ass eng al Stad déi op gallesch Originnen zeréckkuckt. Besser ass se awer an der Geschicht bekannt well se mat a Krichereien tëscht dem Philippe August an dem Richard Léiwenhäerz verwéckelt war an déi Zäit laang belagert gouf.

Aus där Zäit staamt de Wäissen Tuerm, deen de Plantagenêt baue gelooss hat. Speziell un dem Tuerm ass, datt e bausse ronn a bannen aachteckeg ass. Seng 4 Meter déck Mauere sinn 33 Meter héich. Iwwer 145 Träppleke kënnt een op déi iewescht Plattform, vun där een eng Vue iwwer déi ganz Stad huet. Net wäit dovu steet de Beffroi vun der Stad, deen aus enger fréierer befestegter Paart entstanen ass.

Als Pilgeruertschaft léisst se sech eng Basilika net laanscht d'Nues goen. D'Basilika Notre-Dame du Sacré Coeur gëtt all Joer den 8. September vu Pilger opgesicht, déi domat dem Louis XI seng Pilgerrees dohi commemoréieren.

De Balzac war dacks zu Issoudun wou hien um Schlass vu Frapesle invitéiert war.

Kuckeswäertes änneren

  • Wann een zu Issoudun ass, soll een net vergiessen de Musée de l'hospice Saint Roch besichen ze goen, deen eleng als Gebai mat de fréiere Krankesäll, a mat der Kapell aus dem 15. Joerhonnert scho kuckeswäert ass.
  • D'Bréck Saint-Paterne
Uertschaft virdrun
Charost
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Neuvy-Pailloux

Um Spaweck änneren

Commons: Issoudun – Biller, Videoen oder Audiodateien