Isla Margarita

Insel am Karibesche Mier, nërdlech vun der Küst vu Venezuela, déi zum venezuelanesche Staat Nueva Esparta gehéiert

D'Isla de Margarita ass eng karibesch Insel, déi zum Staatsgebitt vu Venezuela gehéiert. Se gehéiert geographesch zu den Inselen ënner dem Wand a billt den Haaptdeel vum venezuelanesche Bundesstaat Nueva Esparta.

Isla Margarita
Isla de Margarita
Juan Griego Bay vum Fort La Galera aus gesinn
Geographie
Kontinent Südamerika
Land Venezuela
Läit an/am Karibescht Mier, Atlanteschen Ozean
Gehéiert zu Inselen ënner dem Wand, Kleng Antillen
Koordinaten 10°59'13"N, 63°56'8"W
Fläch 1.020 km²
Längt 69,4 km
Breet 33,2 km
Héchste Punkt Montaña de Copey (960 m)
Verwaltung
Verwaltungseenheet Nueva Esparta, Dependencias Federales
Demographie
Awunner 491.610
Awunnerdatum 2011
Aner Informatiounen
Nationalhymn Nueva Esparta State Anthem

Op Margarita läit och d'Haaptstad vum Bundesstaat, La Asunción mat hirer Kolonialkierch an dem Fort Santa Rosa. Déi gréisst Stad ass Porlamar.

D'Insel huet eng Fläch vun 1,020 km² a knapp 500.000 Awunner(Vollekszielung 2011).

Um Spaweck änneren

Commons: Isla Margarita – Biller, Videoen oder Audiodateien