Isaac Hayes

US-amerikanesche Museker a Schauspiller

Den Isaac Lee Hayes, gebuer den 20. August 1942 zu Covington a gestuerwen den 10. August 2008 zu Memphis (Tennessee), war en US-amerikanesche Soul- a Funkmuseker a Schauspiller.

Isaac Hayes
Gebuertsnumm Isaac Lee Hayes Jr.
Gebuer 20. August 1942
Gestuerwen 10. August 2008
Memphis
Doudesursaach Hiereschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Schauspiller, Liddermécher, Komponist, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller, Pianist, Filmkomponist, Synchronspriecher, Museker, Museksproduzent, Saxophonist, Discographesche Kënschtler
Den Isaac Hayes 1973

Hie gouf virun allem duerch de Soundtrack Theme from Shaft bekannt, aus dem Film Shaft vun 1971, woufir en e Golden Globe an en Oscar krut.

An deene leschte Jore vu sengem Liewen huet hien d'Stëmm vum Chef an der Animatiounsfilm-Serie "South Park" geschwat.

Den Hayes war en aktiven Unhänger vun der Scientology-Kierch.

Discographie (Auswiel) änneren

Albumen änneren

  • 1969: Hot Buttered Soul (US #8)
  • 1970: The Isaac Hayes Movement (vun "The Isaac Hayes Movement", US #8)
  • 1970: ...To Be Continued (US #11)
  • 1971: Shaft (US #1, UK #17)
  • 1971: Black Moses (US #10, UK #38)
  • 1973: Joy (US #16)
  • 1973: Live at the Sahara Tahoe (US #14)
  • 1975: Chocolate Chip (US #18)
  • 1979: Don't Let Go (US #39)

Singelen änneren

  • 1969: Walk On By (US #30)
  • 1969: By the Time I Get to Phoenix (US #37)
  • 1971: Theme from Shaft (US #1, UK #4)
  • 1971: Never Can Say Goodbye (US #22)
  • 1972: Do Your Thing (US #30)
  • 1973: Joy (US #30)
  • 1976: Disco Connection (UK #10)
  • 1980: Don't Let Go (US #18)
  • 1998: Chocolate Salty Balls (als "Chef". UK #1)

Um Spaweck änneren

Commons: Isaac Hayes – Biller, Videoen oder Audiodateien