Irregulär Galaxie

Galaxientyp

Irregulär Galaxien, d. h. onreegelméisseg Galaxien, hu weeder Spiraläerm, wéi d'Spiralgalaxien, an hunn och keng elliptesch Form wéi elliptesch Galaxien. Si loosse sech dofir net an d'Hubble-Sequenz areien, mä maachen eng Extraklass, déi mat Ir oder Im (engl.) ofgekierzt gëtt. Hinne feelt och e Galaxiëkär, se hunn dofir awer onreegelméisseg verdeelt kleng Verdichtungen. Si hunn och manner Mass (tëscht 700 Mio. an 130 Mrd. Sonnemassen[1]) an en däitlech méi klengt Gravitatiounspotential wéi regulär Galaxien.

Déi Grouss Magellanesch Wollek

Irregulär Galaxië sinn an der Moyenne méi liichtschwaach wéi regulär Galaxien an hu vill Gas, Stëbs a jonk Stären, déi och onreegelméisseg verdeelt sinn.

Déi bekanntst Vertrieder vun där Aart sinn déi zwou Magellanesch Wolleken

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

  • Joachim Krautter et al.: Meyers Handbuch Weltall, 7. (nei opgemaachen) Oplo, ISBN 3-411-07757-3, S. 469, 470

Um Spaweck änneren

Commons: Irregular galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.astro.uni-bonn.de/~geffert/prakt01I/galaxien.html#24