Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Irescht Mier (Englesch: Irish Sea, Iresch: Muir Éireann, Walisesch: Môr Iwerddon) ass den Deel vum Atlanteschen Ozean, deen tëscht Groussbritannien an Irland läit. Am Süden ass et duerch de St George's Channel (tëscht der Republik Irland a Wales), an am Norden duerch den North Channel (tëscht Nordirland a Schottland) mam Atlanteschen Ozean verbonnen. Déi gréisst Inselen am Iresche Mier sinn Anglesey an d'Insel Man.

Wichteg Häfen, souwuel fir Gidder- wéi och Passagéierverkéier, sinn op der brittescher Säit Stranraer dat a Schottland läit, Liverpool (England), Holyhead a Swansea, béid a Wales, an op der irescher Säit Belfast (Nordirland) an Dublin a Cork, béid an der Republik Irland.

Um Spaweck änneren

Commons: Irish Sea – Biller, Videoen oder Audiodateien