Intervapeur war eng Firma déi 1937 zu Verviers gegrënnt gi war, fir d'Textilateliere mat waarmem Damp ze beliwweren, fir ze hëtzen.

Dampmaschinn vun der Firma Intervapeur um Rond-point vun der N61 tëscht Verviers a Limbourg

No an no gouf eng grouss Parti vun den ëffentleche Gebaier un de Reseau ugeschloss a wéi d'Textilindustrie ugefaangen huet mat méi lues dréinen, kruten och d'Stéit en Uschloss. An der Stad Verviers louche ronn 70 km Leitunge fir de waarmen Damp ze verdeelen. Verviers war domat fir déi Zäit déi eenzeg Stad an der Belsch déi e Fernheizsystem hat.

Nieft dem Damp huet d'Firma och Stroum produzéiert, dee se der Electrabel verkaaft huet.

Wéi et mat der Textilindustrie zu Verviers sou gutt wéi eriwwer war, huet dat Ganzt sech net méi sou richteg rentéiert, de Leitungssystem deen al war, hätt och missten ersat ginn, soudatt Electrabel déi an der Tëschenzäit Haaptaktionär war, decidéiert huet mat der Produktioun op där Plaz opzehalen. Fir de klenge Privatclienten entgéintzekommen an hinne bei deem Changement ze hëllefen, huet se hinne Primen oder zënslos Prête fir d'Installatioun vun enger Heizung ginn.

2001 gouf mat der Produktioun opgehalen an 2005 gouf alles ewechgerappt. No der Sanéierung 2006 ass d'Stad Verviers Proprietär ginn, an um ganzen Areal dee ronn dräi Hektar grouss ass an op deem och nach d'Gebai vum ale Schluechthaus steet, soll eng nei Industriezon entstoen. D'Personal vun der Firma gouf op aner Produktiounsplaze verdeelt, an déi ganz Rekonversioun huet d'Electrabel 12,5 Milliounen Euro kascht.[1]

Referenzen änneren

  1. Artikel an der Dernière Heure 2004: L'Intervapeur, c'est fini