Eng Usammlung vun interstellarem Gas a Stëbs an enger Galaxis gëtt Interstellar Wollek genannt. Ofhängeg vun hirer Dicht, Gréisst an Temperatur an dem Waasserstoffundeel handelt et sech ëm en neutraalt (H-I-Gebitt), en ioniséiert (H-II-Gebitt) oder eng molekular (Moleküllwollek) Wollek. Och d'Bezeechnung Interstellare Stëbs ass richteg.

Cheemesch Zesummesetzung änneren

D'Zesummesetzung vun Interstellare Wolleke gëtt duerch d'Observatioun vun elektromagnetesche Wellen, déi vun hinnen ofgestraalt ginn, ënnersicht. Grouss Radioteleskopen analyséieren d'Intensitéite vu bestëmmte Frequenze vun der elektromagnetescher Stralung, déi fir Spektre vu bestëmmte Molekülle charakteristesch sinn. E puer Wolleke si kal a tendéieren dozou, ganz laangwelleg Stralung ofzeginn. Astronome sinn an der Lag, eng Kaart mat dem Iwwermooss vun den eenzele Moleküllen duerzestellen, soudatt een d'Zesummesetzung vun der Wollek verstoe kann. A gliddege Wolleke sinn dacks Ione vu verschiddenen Elementer ze fannen, deenen hire Spektrum een am ultraviolette Liicht gesi kann.

Radioteleskope kënnen op e Punkt vum Stärenhimmel fokusséiert ginn an do d'Heefegkeet vu verschiddenen Elementer am Spektrum moossen. Héchstwäerter an enger Frequenz bedeiten, datt eng Aart vun Atomer oder Moleküllen op där Plaz staark vertruede sinn. D'Héicht vun de Maximalwäerter ass proportionell zum Undeel vum Moleküll an der Wollek.

Onerwaart cheemesch Entdeckungen an den interstellare Wolleken änneren

Et hat een erwaart, datt an interstellare Wolleke wéinst der niddreger Temperatur an Dicht bal keng Reaktioune géifen oflafen. Awer et goufe komplex organesch Moleküllen nogewisen, deenen hir Existenz an Entstoe bis elo nëmmen ënner der Viraussetzung vun héijen Temperaturen an ënner héijem Drock fir méiglech gehale gouf. Doraus gouf d'Schlussfollgerung gezunn, datt déi cheemesch Reaktiounen an interstellare Wolleke méi séier oflafe wéi bis ewell geduecht gouf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie